Mat der 17. Editioun vum Escher Kulturlaf steet Esch e Samschdeg rëm ganz am Zeeche vum Lafen - eng Course, bei där Sport a Kultur matenee verbonne ginn.

Summer-Agenda: Sudstroum Escher Kulturlaf

De Parcours, deen all Joer wéinst Chantieren an anere Saachen nees liicht muss adaptéiert ginn, féiert all Joer ënnert anerem laanscht verschidde kulturell Sitte vun der Stad. Wéi dësen dëst Joer ausgesäit, erkläert d'Laure Williere, Coordinatrice vun der Escher Kulturlaf Asbl:

"Mir starten op Esch-Belval a vun do aus geet et erof an den Zentrum vun Esch. Jee no Streck lafe mer laanscht Saache wéi d'Escher Schwämm, de Pavillon du Centenaire an och op de Site, wou mer d'lescht Joer well waren, bei der Metzeschmelz, dann eben duerch den Zentrum vun Esch an dann, wat e bëssi en Highlight ass, ass eben och iwwert déi nei Vëlosbréck, déi op de Belval fiert. Wat ech mengen, wat schonn eppes Flottes ass, fir doriwwer ze lafen an de Semi-Marathon mécht dann nach eng grouss Schläif iwwert de Belval, laanscht de Lycée Belval fir dann erëm zréck bei d'Uni Lëtzebuerg ze kommen."

Den Depart an d'Arrivée um Belval sinn dëst Joer bei der "Maison des Arts et des Etudiants" vun der Uni Lëtzebuerg. Hei ass den zentrale Punkt vum Kulturlaf, wou d'Leefer hir Sacoche an hiren Dossard kënnen ofhuelen, op de Podium klammen no der Course a spéider dann och den "After Kulturlaf" stattfënnt. Genee wéi bei den Editioune virdru kann een och dëst Joer nees seng Distanz auswielen:

"Mir hate jo lescht Joer am Kader vun Esch2022 e Semi mat dobäi geholl a well mer awer fonnt hunn, dass dat gutt ukomm war bei de Leit, hu mer eis gesot mir behalen dee bäi. Sou dass deen och dëst Joer mat dobäi ass. Dat heescht, mir hunn de Semi-Marathon (21,1 km), mir hunn 10 Miles (16 km) an 10 km an awer och fir eis Kanner hu mer erëm de Kannerlaf dëst Joer mat dobäi."

Gutt 1.500 Leit si well ageschriwwen, ma déi meescht Leit melle sech e bëssi op de leschte Stëppel un. Jiddefalls sinn nach Startplazen ze kréien.

"An domadder maachen ech och nach eng Kéier en Appell, dass d'Leit sech op alle Fall nach ganz gäre kënnen aschreiwen, dat geet nach bis den 31. August iwwert eisen Internetsite oder soss ebe Freides a Samschdes selwer sur Place."

Et gëtt och eng Garderie, wou ee säin oder seng Kanner vu 4 Joer un aschreiwe kann, dat heescht, et gëtt u sech keng Excuse, net matzelafen. Ronderëm den Depart an d'Arrivée an och um After-Kulturlaf ass fir déi richteg Stëmmung gesuergt. Hei fënnt een Iessen a Gedrénks a ganz vill Musek.

Weider Informatioune ronderëm de SUDstroum escher kulturlaf ginn et op www.kulturlaf.lu.