Staark Nerven an e kille Kapp beim Konschtfluch
Vum 9. op de 16. September ass den europäesche Championnat vum Konschtfluch an Italien.
An dësem manner bekannte Sport geet et dorëms, Pirouetten a spektakulär Figuren an der Loft mat engem Fliger ze maachen. Déi 3 Piloten, déi Lëtzebuerg um europäesche Concours representéieren, sinn aktuell am gaangen, sech fir dëse grousse Moment ze preparéieren. Op der Kompetitioun musse si eng Choreographie fléien. Et ass keen ongeféierleche Sport, si erreeche bis zu 400 Stonnekilometer. D'Piloten hunn ëmmer ee Fallschierm un, dobäi kënnt, dass hire Kierper wärend dem Fluch an de Sëtz gedréckt gëtt, respektiv bei verschiddene Figuren esouguer rausgezu gëtt. D'Pilote musse souwuel kierperlech wéi och mental top fit sinn.
Knapp 100 Kilometer vu Lëtzebuerg wäit ewech an der Lorraine trainéiere si. Een dovunner ass de Cyrial Talon, hien ass reegelméisseg um Fluchhafen zu Verdun a mécht de Sport zanter 10 Joer. De franséisch-lëtzebuergesche Pilot ass Deel vun der Nationalekipp am Konschtfluch. Dës sportlech Disziplin gëtt et zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert. Hautdesdaags flitt ee mat spezielle Fligeren, déi ultra reaktiv sinn an esou leeschtungsstaark wéi ee Formel-1-Auto.
All Konschtfluch ass eng Erausfuerderung, mee et ass och allkéiers e grousse Moment vun de Gefiller, vun den Emotiounen, wann een tëscht Himmel an Äerd schwieft.