Op de Summerspiller vun der 33. Olympiad gëtt Breaking als nei Disziplin opgeholl an dräi Lëtzebuerger B-Boys wëllen dobäi sinn.

Zu Beggen am Break Even trainéieren de Brandon Konrad, den Daryll Chimento an den Taras Dooley aktuell dräi- bis fënnefmol d'Woch. Den Danzstudio ass relativ iwwersiichtlech ma hiren Éiergäiz dofir ëmsou méi grouss. De Level bei Olympia ass enorm héich, ma deem si si sech bewosst a schaffe ganz fokusséiert dorop hin.

2016 huet den Internationalen Olympesche Kommitee entscheet, Breakdance als Disziplin op den Olympesche Jugendspiller 2018 opzehuelen. D'Leeschtungen hei waren esou iwwerzeegend, dass 2024 elo och déi Erwuessen hiert Kënnen ënner Beweis kënne stellen.

Zanterhier ass et dem Brandon, alias B-Boy Be-One, säi groussen Dram, eist Land ze representéieren, wann d'Summerspiller d'nächst Joer tëscht dem 26. Juli an dem 11. August zu Paräis sinn.

Nodeems den Daryll, oder och B-Boy Spirito, matkrut, dass Breaking olympesch gëtt, huet hien 2020 d'Breakdance-Schoul Break Even an d'Liewe geruff. Schonn op 7ième ass hien all Freiden no der Schoul an e Breakdance-Cours gaangen a wollt mam Break Even méi Breaker zesummebréngen an eng nei Generatioun fir de Sport begeeschteren.

De 24 Joer alen Taras, och genannt B-Boy Tarito, ass deen drëtten am Bond a gëtt alles, fir bei Olympia dobäi ze sinn. Mat 12 Joer huet hie mat Breakdance ugefaangen a war ee vun deenen éischten am Break Even. Am Januar misst hien duerch eng Blessur um Miniskus méi kuerz trieden, mee ass gewëllt, elo nees Vollgas ze ginn.

Allen dräi ware se schonn op internationale Battles an hunn do guer net esou schlecht ofgeschnidden. Fir datt eis Lëtzebuerger B-Boys awer kënnen dobäi sinn, muss nach esou munches geschéien.

Aktuell waarden déi dräi nach op hir Lizenz. Uschléissend kënne si sech da bei der World Dance Sport Federation umellen, fir bei de Qualifikatiounsronne matzemaachen an do wichteg Qualifikatiounspunkten ze sammelen.