E Mëttwochowend huet de Charel Grethen eng nei Lëtzebuerger Beschtzäit iwwer 1 Meil, also 1.609 Meter opgestallt.

Op der Men's Elite Mile Race um Pfungstädter Abendsportfest an Däitschland ass de Lëtzebuerger no 3 Minutten, 52 Sekonnen an 57 Honnertstel op déi 3. Plaz komm.

Domadder huet de COSL-Elite-Sportler seng eege Beschtzäit vum leschte Joer ëm 63 Honnertstel verbessert.