Am 1. Tour vum EHF European Cup gouf et e 26:26-Remis tëschent dem HC Tallinn aus Estland a Käerjeng.

Dobäi hat et no den éischten 30 Minutten net gutt fir d'Lëtzebuerger ausgesinn.

Käerjeng ass net gutt an de Match gestart a louch vun Ufank un hannen. No 15 Minutte war Tallin 11:4 am Avantage, an der Paus stoung et 16:10 fir d'Ekipp aus Estland. Nom Säitewiessel hunn d'Lëtzebuerger eng Reaktioun gewisen an ee Gol nom aneren opgeholl. No 50 Minutte war ee just nach mat engem Gol hannen (21:22). An der Schlussphas sollt et Hin an Hier goen, um Enn stoung awer keng Ekipp als Gewënner fest. Beschte Buteur op Käerjenger Säit war de Yakub Lallemang mat 8 Goler.

De Retourmatch ass de 16. September um 17.30 Auer zu Käerjeng.