Kiki Martins gespaart, Mathias Olesen blesséiert
Den Owend spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp de Retourmatch géint Portugal an der Qualifikatiounsronn fir d'Europameeschterschaft 2024.
Mat 10 Punkten um Konto no 5 Matcher stinn d'Rout Léiwen op der 3. Plaz a sinn deemno an enger positiver Dynamik op Faro gereest.
No engem gemittlech Vol vun net grad 3 Stonn ass d'Lëtzebuerger Delegatioun gutt zu Faro ukomm, dat awer ouni de gespaarte Kiki Martins an de blesséierte Mathias Olesen, zwee wichteg Spiller am Mëttelfeld. Trotzdeem verfält den Nationaltrainer duerch dës Absencen net elo a Panik.
D'Portugise spille bis elo eng perfekt Campagne mat 15 Punkten an och nach 15 zu 0 Goaler. Mä och bei der FLF si se ganz zefridden mam Parcours vun der Selektioun. Net nëmmen d'Resultater stëmmen méi och d'Aart a Weis, wéi d'Jongen optrieden.
Am Aller-Match gouf et doheem eng 0:6 Néierlag. Do hat de portugiseschen Superstar Cristiano Ronaldo zweemol markéiert. E Méindeg den Owend ass hien awer wéinst enger Spär net mat derbäi.
De Match kënnt dir vun 20.45 Auer u live op RTL Zwee, um Radio an op RTL.lu suivéieren.