Den englesche Champion huet sech um 6. Spilldag vun der Premier League an Ënnerzuel mat 2:0 géint Nottingham behaapt.

E Samschdeg bleift am internationale Futtballchampionnat Manchester City no sechs Spilldeeg weider ouni Punkteverloscht un der Tabellespëtzt, AC Mailand séchert sech mat enger knapper Victoire dräi wichteg Punkten an an der spuenescher La Liga kann den FC Barcelona nach bannent de leschten zéng Minutten en 0:2-Réckstand géint Celta Vigo an eng 3:2-Victoire dréinen.

An der Bundesliga huet den FC Bayern Bochum mat 7:0 iwwerrannt an och fir Dortmund a Leipzig gouf et dräi Punkten.

De Samschdeg waren och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.

Premier League

Manchester City - Nottingham 2:0
1:0 Foden (7'), 2:0 Haaland (14')

Manchester City huet sech trotz 45 Minutten an Ënnerzuel mat 2:0 géint Nottingham behaapt. Zwee séier Goler bannent den éischte 15 Minutten huet den aktuellen englesche Champion fréi an eng komfortabel Féierung bruecht. Kuerz nom Säitewiessel war d'Spannung duerch d'Rout Kaart fir de Rodrigo dann nees zréck komm, ma d'Gäscht konnten den Avantage net ausnotzen a musse sech um Enn geschloe ginn.

Brentford - Everton 1:3
0:1 Doucouré (6'), 1:1 Jensen (28'), 1:2 Tarkowski (67'), 1:3 Calvert-Lewin (71')

Serie A

AC Mailand - Hellas 1:0
1:0 Rafael Leao (8')

Den AC Mailand huet sech mat engem knappen 1:0 dräi wichteg Punkte geséchert. D'Lokalekipp war duerch e Gol vum Rafael Leao fréi a Féierung gaangen, huet sech duerno géint eng engagéiert Ekipp vun Hellas awer net all ze liicht gedoen. Um Enn sollt et awer duergoe fir d'Féierung iwwert d'Zäit ze bréngen.

Sassuolo - Juventus 4:2
1:0 Laurienté (12'), 1:1 Vina (21'), 2:1 Bernardi (41'), 2:2 Chiesa (78'), 3:2 Pinamonti (82'), 4:2 Gatti (90+5')

Juventus huet mat 2:4 géint Sassuolo de Kierzere gezunn. Zwee Mol war et der Bianconeri gelongen en tëschenzäitleche Réckstand auszegläichen, eng drëtte Kéier sollt dat awer net geléngen. Dem Pinamonti säi Gol ronn zéng Minutte viru Schluss an e Selbstgol vum Gatti hunn um em Enn den Ënnerscheed gemaach.

Ligue 1

Nantes - Lorient 5:3
0:1 Kroupi (6'), 1:1 Abline (42'), 2:1 Cömert (46'), 3:1 Mohamed (55'), 3:2 Faivre (75'), 4:2 Mollet (83'), 4:3 Tosin (85'), 5:3 Simon (90+9')

La Liga

Osasuna - FC Sevilla 0:0

FC Barcelona - Celta Vigo 3:2
0:1 Larsen (19'), 0:2 Douvikas (76'), 1:2 Lewandowski (81'), 2:2 Lewandowski (85'), 3:2 Cancelo (89')

Nodeems de Gaascht schonn no 19 Minutten a Féierung goe konnt huet sech den FC Barcelona schwéier gedoen eng Äntwert ze weisen. Wéi dann den 0:2 gefall ass, huet et staark dono ausgesi wéi wann d'Katalanen eng Defaite astieche missten. Duerch zwee Goler bannent véier Minutte vum Robert Lewandowski konnte si dann awer nach ausgläichen an de Match nach ee Mol richteg spannend maachen. Eng Minutt viru Schluss war et dann de Joao Cancelo, dee mat sengem decisive Gol de spéide Comeback perfekt gemaach huet.