D’Fiels dréint de Match zu Diddeleng, Sparta gewënnt no Verlängerung

© Jeff Kettenmeyer
Um Samschden war den Optakt vum Basketchampionnat 2023/24 an der LBBL bei den Dammen an den Hären.
Hären
Den T71 Diddeleng hat zum Optakt d’Arantia Fiels op Besuch. D’Lokalekipp, déi och des Saison vum Yves Defraigne trainéiert gëtt, konnt sech an der éischter Halschecht op seng néi Profispiller verloossen: De Joshua McFolley an de Londell King haten zesummen 31 Punkte bis zur Paus markéiert, Diddeleng louch 45:40 a Féierung. Am drëtte Véierel huet Diddeleng seng Dominanz am Rebound ausgenotzt an huet sech e Virsprong vu bis zu 12 Punkten erausgespillt. D’Gäscht aus der Fiels, déi des Saison vum Chris Wulff trainéiert ginn, hunn sech awer androcksvoll zeréck an de Match gekämpft. No enger spannender Schlussphas gewannen d’Gäscht mat 84:82, de Roger Hemphill hat mat 25 Punkten e staarke Match an de Fielsser Neizougang Vic Heuschling konnt wichteg Punkte markéieren, hien hat um Enn 18 Punkten um Kont.
D’Residence Walfer setzt sech mat 88:73 géint d’Etzella Ettelbréck duerch. Nodeems Walfer an der Paus schonn iwwerraschend kloer mat 48:27 a Féierung louch, konnt de Coupe-Gewënner Etzella sech net méi zeréck an de Match kämpfen. Beschte Scorer war den Leon Ayers mat staarken 41 Punkten fir d’Lokalekipp. D’Musel Pikes setzen sech doheem mat 80:73 géint de Gréngewald Hueschtert duerch, dobäi konnt de Quentin Bouttet mat 19 Punkten iwwerzeegen. Ganz spannend war de Match tëschent dem AB Contern an der Sparta Bartreng, beim Stand vu 85:85 ass et an d’Verlängerung gaangen. An der Extra-Spillzäit konnten d’Gäscht vu Bartreng iwwerzeegen (16:5) an gewannen 100:91.
Um Sonnden start de Champion Basket Esch an d'Saison, dat am Toppmatch vun der Woch géint de Vizechampion Amicale Steesel (17.30 Auer). Donieft spillen d’Opstéiger Mamer an Kordall géinteneen (17.00 Auer).
Dammen
D’Sparta Bartreng konnt sech zum Optakt vun der Saison auswäerts géint d’Musel Pikes duerchsetzen. No engem ausgeglachenen éischte Véierel (9:12) konnt sech d’Ekipp vum Trainer Mike Feyder scho virun der Paus e Virsprong erausspillen a louch no 20 Minutten 33:20 a Féierung. No engem weidere Laf am drëtte Véierel haten d'Gäscht vu Bartreng fir d'Entscheedung gesuergt, um Enn ass et eng kloer 77:41-Victoire fir d’Gäscht. Beschte Spillerin war d’Jovana Jaksic mat 25 Punkten. Den T71 Diddeleng konnt sech ouni Probleemer géint Wolz duerchsetzen, um Enn hat d’Lokalekipp de Match mat 84:58 gewonnen. 9 Spillerinnen konnte Punkten markéieren fir Diddeleng, bei de Gäscht stoungen insgesamt nëmme 6 Spillerinnen am Kader.
De Champion Gréngewald ass um éischte Spilldag spillfräi.