Um Samschdeg war den Optakt vum drëtte Spilldag am Basketchampionnat an der LBBL bei den Dammen an den Hären.

Resumé Basketball-Championnat / vum Rich Simon

Hären

Bei der Amicale Steesel war de Retour vum Alex Laurent am Fokus. No 6 Joer Profikarriär stoung de Nationalspiller um Samschden nees fir säin ale Veräin um Terrain. Hien huet de Match staark ugefaange mat 8 Punkten am éischte Véierel. D’Heemekipp vu Conter konnt déi éischt 10 Minutte mam Favorit mathalen, bis zur Paus huet sech d’Amicale allerdéngs eng Avance vun 11 Punkten erausgespillt (46:35). Zwar konnt de Vize-Champion sech an der zweeter Hallschecht net kloer ofsetzen, mee Conter ass och net méi geféierlech no drukomm an um Enn stoung et 88:81 fir d’Gäscht. De Profispiller Kim Aiken huet mat 25 Punkte fir Steesel iwwerzeegt, den Alex Laurent konnt 15 Punkten zur Victoire bäisteieren.

D’Résidence Walfer bleift ongeschloen. Géint den Opsteiger Kordall Steelers huet d’Résidence et fäerdeg bruecht déi éischten 9 Dräier am Match ze treffen a louch schonn no 10 Minutte 35:20 vir. Um Enn steet eng kloer 104:87 um Pabeier, d’Heemekipp huet dobäi ganzer 18 Dräier getraff.

Spannend war et zu Diddeleng. Den T71 huet a leschter Sekonn géint d’Musel Pikes gewonne, dat mat entscheedende Fräiwerf duerch den Amerikaner Mc Folley 2 Sekonne viru Schluss, um Enn stoung et 71:69 fir d’Heemekipp. D’Musel Pikes hunn a Persoun vum Tom Welter déi leschte Chance verginn an d’Verlängerung ze kommen. De beschte Spiller um Terrain war den Diddelenger Londell King mat 30 Punkten.

Dammen


Zu Diddeleng koum et zum Spëtzematch tëschent der Lokalekipp an dem Champion Gréngewald Hueschtert. Fir béid Ekippe war dëse Match e wichtegen Test, nächst Woch starten déi zwee Veräiner op en Néits an d’Aventure EuroCup. Et waren d’Gäscht, déi den Tempo an dësem Match vun Ufank u diktéiert hunn. E staarkt Lisy Hetting (14 Punkten an der éischter Hallschent) souwéi den Trio Logic, Van Kleunen, Cahill waren net ze stoppen an de Gréngewald louch no 20 Minutte scho 55:32 a Féierung. Den T71 konnt sech nom Säitewiessel net méi zeréck an de Match kämpfen, ze schwaach war d’Worfquot an alle Beräicher, dobäi koumen 18 Ballverloschter fir d’Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann. Mat 26 Punkten huet Lauren Van Kleunen am beschte getraff, d’Amanda Cahill huet 19 Punkten zum 83:67-Erfolleg bäigesteiert. De Gréngewald huet et an dësem Match sécherlech gepackt e kleng Ausruffzeechen ze setzen.

Un der Spëtzt vun der Tabell steet no dësem Spilldag d’Amicale Steesel. D’Ekipp vum Trainer Erny Gruskovnjak huet sech mat 85:60 zu Conter behaapt an domat 3 Victoiren um Kont. Et war eng staark Leeschtung als Ekipp, 7 Spillerinne vun de Gäscht hu mindestens 9 Punkte markéiert. D’Mikayla Ferenz hat mat 22 Punkten déi meeschten am Match.