Um Sonndeg war et d'Suite vum drëtte Spilldag am Basketchampionnat an der LBBL bei den Dammen an den Hären.

Hären

D'Arantia Fiels ass mat engem neie Profispiller an de Match beim Champion Basket Esch gestart. Den Dillon Stith ersetzt de Roger Hemphill bei der Ekipp vum Trainer Chris Wulff. De Stith an seng Ekipp haten e staarke Start an de Match a louchen an der Paus 50:36 a Féierung. Et koum nach méi schlëmm fir Esch well et fir den ugeschloenen Amerikaner Hicks Ufanks vum drëtte Véierel net méi weidergaangen ass, hien huet an dësem kee Punkt markéiert. Trotzdeem hu sech Rugg, Cornu a Co. zeréck an de Match gekämpft an an der Schlussphas sollt de Match ganz spannend ginn. 11 Sekonne viru Schluss huet den Thomas Grün de Réckstand op 1 Punkt verkierzt. De Fielser Amerikaner Ryan Ogden huet nëmmen 1 Fräiworf vun 2 getraff an Esch hat eng leschte Chance, de Match ze wannen, de Joé Biever huet awer missen e schwéiere Worf vun der Mëttellinn huelen, deen d'Zil verfeelt huet. D'Fiels setzt sech um Enn mat 79:77 duerch, woubäi de Ryan Ogden mat 24 Punkten iwwerzeege konnt.

E weidere spannende Match hunn d'Zuschauer zu Ettelbréck gesinn. D'Etzella konnt sech no enger turbulenter Schlussphas mat 75:74 géint d'Sparta Bartreng behaapten. D'Gäscht haten de leschte Schoss vum Match, allerdéngs war dat e ganz komplizéierte Versuch vun der Mëttellinn vum Amerikaner Malek Green. De Brandon Johnson vun der Etzella konnt mat 33 Punkten iwwerzeegen, staark war och de Yann Wolff ënner dem Kuerf mat 22 Rebounds.

Och den drëtte Match vum Sonndeg tëschent dem Opsteiger Mamer an dem Gréngewald war spannend. Mamer dréint de Match am leschte Véierel, wënnt 87:78 a bleift domat d'Iwwerraschungsekipp vun der Saison. D'Ekipp vum Trainer Mike Smith ass ongeschloen a steet mat 3 Victoiren zesumme mat der Résidence Walfer un der Spëtzt vun der LBBL. De Billy McDaniel hat e staarke Match mat 27 Punkten. Eng kuriéis Situatioun gouf et 2 Minutte viru Schluss: d'Auer an der Hal ass hänkebliwwen an de Match huet missen 10 Minutten ënnerbrach ginn.

Dammen

D'Sparta Bartreng huet de Basket Esch reegelrecht iwwerrannt, schonn an der Paus war d'Ekipp vum Trainer Mike Feyder 47:16 a Féierung. D'Heemekipp huet an der éischter Hallschecht nëmme 4 vun 28 Schëss getraff. Um Enn konnte sech d'Gäscht mat 77:42 duerchsetzen, d'Jovana Jaksic konnt mat 33 Punkten iwwerzeegen. Wolz setzt sech 84:67 géint Zolwer duerch, d'Nicole Fransson war mat 33 Punkten déi iwwerzeegend Spillerin op Säite vun de Gäscht aus dem Norden.