Um Samschdeg gouf de komplette véierte Spilldag am Basketchampionnat an der LBBL bei den Dammen an den Häre gespillt.

Resumé vum 4. Spilldag an der LBBL / Reportage Shari Schenten

D'Etzella Ettelbréck ass mat voller Energie an de Spëtzematch zu Steesel gestart a huet sech schonn an der éischter Hallschecht eng komfortabel Féierung eraus gespillt. Mat engem schnelle Spill a villen flotten Aktiounen huet sech d'Ekipp aus dem Norden e 50:31-Avantage no 20 Minutten erkämpft. De Steeseler Trainer Daniel Brandao schéngt déi richteg Wierder fonnt ze hunn an der Kabinn, seng Ekipp huet den drëtte Véierel mat 30:11 dominéiert a béid Ekippe si punktgläich (61:61) an de leschte Véierel gestart. An dëse Véierel sollt keng Entscheedung bréngen, well béid Ekippen sinn bei 79:79 an d'Verlängerung gaangen, nodeems den Ettelbrécker Amerikaner Taylor e Schoss aus der Distanz getraff hat. An de 5 Extra-Minutte war Steesel déi besser Ekipp, d'Gäscht vun Ettelbréck hunn nëmmen nach 2 Punkte markéiert an sou sollt sech d'Amicale mat 89:81 behaapten. 23 Punkten an 11 Rebounds huet de Nationalspiller Alex Laurent zur Victoire bäigesteiert.

Steesel dréint de Match a wënnt an der Overtime géint d'Etzella
Steesel huet no engem grousse Comeback an der zweeter Hallschent de Match awer nach zu hire Gonschte konnten entscheeden.

Weider spannende Matcher hunn d'Zuschauer an der Fiels an zu Stadbriedemes gesinn. An der Fiels sinn d'Gäscht vu Walfer duerch en Distanzworf vum Christian James Rodriguez 6 Sekonne viru Schluss mat 3 Punkten a Féierung gaange sinn an hunn um Enn mat 85:81 gewonn.

Den Opsteiger Mamer huet de Match auswäerts bei de Musel Pikes am Schlussvéierel spektakulär gedréint. Um Enn stoung et 93:89 fir d'Gäscht, déi 26 Punkten an de leschten 10 Minutte markéiert hunn. Domat bleiwe Mamer an d'Résidence Walfer no 4 Spilldeeg un der Tabellespëtzt mam Maximum vun 8 Punkten.

Och zu Bartreng hunn eréicht déi lescht Aktioune vum Match d'Entscheedung bruecht. Den Dino Ceman huet den T71 a Féierung bruecht, mee d'Sparta hat nach eng Chance a Persoun vum Lavone Holland, dëse Schoss sollt awer net era goen, Diddeleng wënnt mat 94:92. Beim T71 huet de Joe Kalmes säin éischte Match des Saison gespillt.

De Basket Esch huet um Gréngewald laang misse kämpfen. Am leschte Véierel huet de Champion sech ofgesat am wënnt mat 89:73, dat och well de Nationalspiller Clancy Rugg mat 39 Punkten net ze stoppe war.

Den Opsteiger Kordall Steelers setzt sech mat 96:86 géint Conter duerch. Fir d'Lokalekipp war et déi éischte Victoire vun der Saison, Conter huet de Start an d'Saison verschlof an no 4 Spilldeeg nach keng Victoire um Kont. Mam Clayton Ladine stoung op Säite vun de Steelers en neien Amerikaner am Kader.

Dammen

De Basket Esch huet sech mat der Amerikanerin Gabriela Bronson verstäerkt, donieft huet d'Nadine Bourg um Samschden eng éischte Kéier des Saison matgespillt. Auswäerts ass et allerdéngs net duergaange fir mam Gréngewald matzehalen, d'Lokalekipp setzt sech mat 88:66 duerch a bleift ongeschloen des Saison. Mat 31 Punkten huet d'Amanda Cahill iwwerzeegt.

Méi spannend war de Match tëschent Wolz a Conter. D'Gäscht hunn de Match am véierte Véierel gedréint a wannen um Enn mat 72:66. D'Karly Murphy huet mat 25 Punkten déi meeschten an dëser Partie markéiert.

Den T71 Diddeleng setzt sech kloer däitlech mat 86:53 géint d'Musel Pikes duerch. Mat der Kanadierin Caitlyn Parker Jones huet eng nei Profispillerin beim Veräin vun der Musel matgespillt.

D'Sparta Bartreng iwwerrennt den AS Zolwer mat 104:55, d'Jovana Jaksic markéiert dobäi 40 Punkten.