De Gréngewald iwwerrascht d'Etzella, de Kordall wënnt zu Bartreng

© RTL / Shari Shenten
Um Sonnde war d'Suite vum 7. Spilldag am Basketchampionnat an der LBBL bei den Hären.
Hären
Sonndeg
De Gréngewald Hueschtert konnt dobäi seng éischte Victoire des Saison feieren, an dat auswäerts bei der Etzella Ettelbréck. Net manner wéi 17 Dräier hunn d'Gäscht markéiert a gewannen dëse Match no enger spannender Schlussphas. Den Tristin Walley, deen insgesamt 29 Punkte markéiere konnt, huet Hueschtert 20 Sekonne viru Schluss mat engem Punkt a Féierung bruecht, d'Etzella hat a Persoun vum Jimmie Taylor d'Chance de Match ze gewannen, mee säi Schoss ass knapp dolaanscht gaangen. Um Enn wënnt de Gréngewald 98:97, der Lokalekipp sinn och 40 Punkte vum Brandon Johnson net duergaangen.
Och am zweete Match gouf et eng kleng Iwwerraschung. Den Opsteiger Kordall Steelers wënnt mat 82:75 op der Sparta géint d'Ekipp vu Bartreng. Béid Ekippe sinn an der Tabell no dësem Spilldag gläich mat 2 Victoiren no 7 Matcher. Et war en haart ëmkämpfte Match vun der éischter bis zur leschter Sekonn. An der éischter Hallschecht hunn de Max Logelin an de Steven Mersch der Partie hire Stempel opgedréckt, béid Spiller haten an der Paus 19 Punkten um Kont stoen. Och no der Paus konnt sech keng Ekipp ofsetzen an esou hunn déi lescht Sekonnen de Match entscheet. D'Sparta hat kee Worfgléck méi an den Opsteiger konnt domat no 40 Minutte feieren. Beschte Spiller bei de Gäscht war de Michael Zabetakis mat 30 Punkten, op Säit vun der Lokalekipp huet de Max Logelin 28 Punkte markéiert.
Samschdeg
Punktgläich an der Tabell waren den AB Conter an d'Musel Pikes virun dësem Spilldag. Nom éischte Véierel louch d'Lokalekipp allerdéngs scho mat 40:18 a Féierung an huet de Match duerno kontrolléiert. D'Gäscht hu verletzungsbedéngt nëmme mat engem Profispiller gespillt a waren doduerch net an der Lag, méi staark dogéint ze halen. Conter setzt sech um Enn mat 100:82 duerch, de Gregory Mitlon huet mat 30 Punkten iwwerzeegt, insgesamt huet d'Ekipp vum Trainer Gabor Boros 14 Dräier markéiert.
D'Amicale Steesel huet sech virun eegenem Publik mat 101:78 géint d'Arantia Fiels behaapt. Schonn an der éischter Hallschent haten d'Gäscht Problemer mat de Feeler, béid professionell Spiller (Stith an Ogden) hu missen op der Bänk Plaz huelen. Steesel huet profitéiert a sech tëschenzäitlech op 13 Punkten ofgesat. Nom Säitewiessel huet d'Amicale hir Féierung weider ausgebaut a wënnt de Match mat 101:78. De Kim Aiken Jr konnt 27 Punkte markéieren, de Christopher Barton huet mat 26 Punkte vun der Bänk déi néideg Energie op den Terrain bruecht, fir eng kloer Victoire ze feieren.
De Champion Basket Esch huet sech mat 92:80 géint den Opsteiger Mambra Mamer behaapt. Mat 25 Punkte war op en Neits de Clancy Rugg de beschte Spiller bei der Lokalekipp. Mat dëser Victoire zitt Esch an der Tabell mam Géigner gläich.
D'Résidence Walfer konnt sech mat 92:71 géint den T71 Diddeleng duerchsetzen. Dobäi huet d'Lokalekipp mam Juan Howard Junior en neien drëtte Profispiller agesat, den Howard war schonn an der Saison 2017/18 fir den AB Conter aktiv. Walfer huet de Match dominéiert, fënnef Spiller hu mindestens 13 Punkte markéiert, de Leon Ayers huet mat 26 Punkten am beschte getraff.
E Sonnde spillen nach d'Etzella Ettelbréck géint de Gréngewald Hueschtert an d'Sparta Bartreng géint d'Kordall Steelers.
Dammen
Um Freidegowend hat sech an der Coupe bei den Dammen de Gréngewald Hueschtert souverän géint East Side Pirates aus der Nationale 2 duerchgesat. De Championnat bei den Damme ass momentan an enger Paus, well d'Nationalekipp déi nächst Deeg am Asaz wäert sinn.