An do goufen et 4 Changementer par rapport zu deenen zwee Matcher géint d’Tierkei. D’Kapitänin Laura Miller fält mat Knéiproblemer bis d’Wanterpaus aus. Nei mat dobäi sinn d’Emma Goetz, d’Lena Goedert, d’Philippa Costa an d’Kylie Merlevede.
“D’Laura Miller huet nees ugefaangen, awer eng Rechute gemaach. Awer net mat der selwechter Verletzung. Et huet elo ee Problem um Knéi. Dat ass, wann een no enger Blessur ze vill Belaaschtung mécht. Egal wéi, d’Laura fält bis d’Wanterpaus um Standard an och bei eis aus. Mir hoffen, datt et an der Réckronn am Veräin ka spillen. Et huet kee Wäert, datt mir et ruffen, wann et keng Chance huet ze spillen.”
Virun deene leschten zwee Matcher an der Nations League stinn d’Rout Léiwinnen op der zweeter Plaz am Grupp C2. Eng Positioun, déi et ze verdeedege gëllt, well een duerch zwee gutt Resultater géint Georgien a Litauen eventuell zu deene beschten Zweetplacéierte gehéiert an een doduerch am Play-Off fir an d’Liga B kéint matspillen.
Am Allersmatch konnt sech d’Ekipp vum Dan Santos 2:0 a Litauen duerchsetzen. Heiheem géint Georgien gouf et um zweete Spilldag een 1:1-Remis. Duerch déi gutt Prestatioun am zweete Match géint d’Tierkei rechent ee sech och an de Retourpartië Punkten aus. Och wann een deen éischte vun deenen zwee Matcher géint Georgien mat Gedold wäert ugoen. Well fir de Rendez-vous géint Litauen kéinte potentiell och nach e puer Spillerinne vu bausse mussen nokucken.
De Virverkaf fir den Heemmatch de 5. Dezember géint Litauen fänkt en Donneschdeg um 14 Auer un. Den 1. Dezember spillen d’Rout Léiwinnen awer fir d’éischt emol auswäerts a Georgien. Bei eis kënnt Dir wéi gewinnt am Livestream op RTL.lu live mat dobäi sinn.
