No 20 Joer ass SchlussMarcel Wagener hält als President vum T71 Diddeleng op

RTL Lëtzebuerg
Aus dem nationale Basketball ass et d'Nouvelle, datt de Marcel Wagener Enn der Saison als President vum T71 ophält.
© RTL-Archivbild

Wärend 20 Joer stoung de Marcel Wagener un der Spëtzt vum Basketveräin T71 Diddeleng. No 20 Joer ass no dëser Saison Schluss, dat huet hien en Donneschdeg de Moien op de sozialen Netzwierker matgedeelt.

No sou ville Joren un der Spëtzt vum Diddelenger Veräin, wéilt hien elo enger neier Persoun d’Méiglechkeet ginn, fir dëse grousse Veräin ze leeden.

“Ech hunn am T71 vill onvergiesslech Momenter an intensiven 20 Joer erlieft, wärend deenen de Club sportlech alles erreecht huet wat een als Club hei am Land erreeche kann, an dat souwuel an der Jugend wéi och bei den Dammen a bei den Hären”, sou de Marcel Wagener nach a sengem Statement op Facebook.

A villäicht kënnt dës Saison jo nach deen een oder aneren Erfolleg dobäi. Souwuel d’Dammen- wéi och d’Härenekipp zielen aktuell am Championnat zu den Titelkandidaten.

Back to Top
CIM LOGO