Liverpool an Arsenal gewannen hir Matcher souverän, wärend Tottenham wichteg Punkte leie léisst. An der La Liga mellt sech Atlético mat engem 5:0 zeréck.

Bundesliga

Den Artikel vun de Bundesligamatcher fannt Dir hei.

Premier League

Brentford - Liverpool 1:4
0:1 Nunez (35'), 0:2 Mac Allister (55'), 0:3 Salah (68'), 1:3 Toney (75'), 1:4 Gakpo (86')

Liverpool verdeedegt mat der Victoire géint Brentford d'Tabellespëtzt. An engem intensive Match louch Liverpool net onverdéngt zur Paus a Féierung. Den Darwin Nunez hat mat engem wonnerschéine Lopp den 1:0 markéiert.  An der zweeter Hallschent huet Liverpool den Tempo erhéicht a gouf mat zwee weidere Goler belount. Den Uschlossgol duerch den Toney huet Brentford kuerz un e Comeback gleewe gedoen, mee de Gakpo huet mam véierte Gol fir d'Reds alles kloer gemaach.

Burnley - Arsenal 0:5
0:1 Odegaard (4'), Saka (41', Eelefmeter), 0:3 Saka (47'), 0:4 Trossard (66'), 0:5 Havertz (78')

Arsenal bleift an der Spuer am Kampf ëm d'Tabellespëtzt. D'Gunners sinn de Match géint Burnley konzentréiert ugaangen an hunn defensiv bal näischt zougelooss. Vir hunn den Odegaard an de Saka fir eng komfortabel Pauseféierung gesuergt. Nom Säitewiessel huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gewisen. Arsenal huet den Toun uginn an nach dräi Goler dropgesat, soudass Burnley iwwerhaapt net zum Zuch koum.

Fulham - Aston Villa 1:2
0:1 Watkins (23'), 0:2 Watkins (56'), 1:2 Rodrigo Muniz (64')

D'Iwwerraschungsekipp Aston Villa profitéiert vun der Néierlag vun Tottenham a spréngt op déi véiert Plaz.

Tottenham - Wolverhampton 1:2
0:1 Gomes (42'), 1:1 Kulusevski (46'), 1:2 Gomes (63')

Tottenham verléiert den drëtte Match hannertenee géint Wolverhampton. Tottenham hat de bessere Start erwëscht, mee duerno hunn d'Gäscht de Match iwwerholl. An enger ausgeglachener éischter Hallschent konnten d'Wolves kuerz virun der Paus den net onverdéngten 1:0 schéissen. D'Spurs hunn direkt mat der éischter Chance am zweeten Duerchgang geäntwert. An den nächsten 20 Minutte sollt et op béide Säiten eng helle Wull u Golchancë ginn, déi Wolverhampton mat sengem zweete Gol ofgeschloss huet. Bis kuerz viru Schluss hat Tottenham keng Méiglechkeet, fir den Ausgläich ze schéissen.

Manchester City - Chelsea 1:1
0:1 Sterling (42'), 1:1 Rodri (83')

Chelsea louch zur Paus net onverdéngt vir. D'Blues hu sech net verstoppt an haten eng Rei gutt Chancen, déi de Sterling kuerz virun der Paus notze konnt. Manchester City hat am éischten Duerchgang just eng nennenswäert Chance duerch den Haaland. Nom Säitewiessel ware béid Ekippen e puermol virum géigneresche Gol opgedaucht, konnten de Ball awer net ënnerkréien. An der 83. Minutt hunn d'Skyblues de verdéngten Ausgläich markéiert an hu bis zum Schluss op den 2:1 gedréckt, deen awer net fale sollt. ManCity ass domat de Verléierer vum Spilldag, well Liverpool an Arsenal gewonnen hunn.

Serie A

Neapel - FC Genua
0:1 Frendrup (47'), 1:1 Ngonge (90')

Verona - Juventus Turin 2:2
1:0 Folorunsho (11'), 1:1 Vlahovic (28', Eelefmeter), 2:1 Noslin (52'), 2:2 Rabiot (55')

Juventus Turin léisst géint d'Kellerkand Verona wichteg Punkten am Kampf ëm de Meeschtertitel leien. Den 1:0 duerch e Volley vum Folorunsho vu 16 Meter war den Highlight vum Match. D'Juve konnt duerch en Eelefmeter nach virun der Paus verdéngt ausgläichen. An der zweeter Hallschent koum déi Al Damm no engem weidere Réckstand nach eng Kéier zeréck an hat um Enn Pech, dass hinnen net nach den drëtte Gol gegléckt ass.

Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Las Palmas 5:0
1:0 Llorente (15'), 2:0 Llorente (20'), 3:0 Correa (47'), 4:0 Correa (62', Eelefmeter), 5:0 Depay (87')

An engem eesäitege Match huet sech Atlético verdéngt géint den Aachtplacéierte Las Palmas duerchgesat. Zwee fréi Goler vum Llorente hunn d'Weiche fir e positiven Ausgang gestallt. Las Palmas huet mat enger Rei grave Feeler an der Defense och matgehollef. No zwee schlechte Resultater (1 Néierlag, 1 Gläichspill) ass Madrid nees an der Spuer.

Celta Vigo - FC Barcelona 1:2
0:1 Lewandowski (45'), 1:1 Aspas (47'), 1:2 Lewandowski (90'+3)

Barcelona kann an der Nospillzäit nach den decisive Gol schéissen an hält Atlético Madrid weiderhin dräi Punkten op Distanz. Den FCB war net onverdéngt quasi mam Pausepëff a Féierung gaangen, well si eng Rei Golchancen haten, awer just eng notze konnten. Celta Vigo ass direkt no der Paus den Ausgläich gelongen, well de Schoss vum Aspas ofgefälscht gouf. Duerno huet sech e spannenden a serréierte Match entwéckelt, mam besseren Ausgang fir Barcelona.