D'Hären-Nationalekipp am Basket huet sech déi lescht Wochen op déi zwee Matcher vun der Prequalifikatioun fir d'WM 2027 preparéiert.

En Donneschdeg geet et fir d'FLBB auswäerts a Rumänien an den nächste Sonndeg spillt een heiheem géint Norwegen. Béid Matcher kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken.

Et sinn déi éischt zwee Matcher vum Joer 2024 an et huet ee sech genee wéi déi lescht Joren eppes ausgerechent. Déi lescht Campagnen hu Confiance gemaach an d'FLBB-Formatioun huet och géint méi staark ageschate Géigner dacks gutt matgehalen. Den Nationaltrainer Ken Diederich huet seng Ekipp déi lescht ganz Woch op déi zwee Matcher preparéiert. Zanter en Dënschdeg ass d'Lëtzebuerger Nationalekipp a Rumänien an ass prett fir den Optaktmatch en Donneschdeg den Owend.

Den Nationalspiller Oliver Vujakovic: "Ech mengen et ass ëmmer speziell, fir d'Nationalekipp ze spillen, an d'Jonge wëssen dat. Mir hate bis elo eng gutt Preparatioun. Jiddereen ass fit,  et ass matzen an dëser Saison. D'Traininge waren haart, mee mental musse mer ready sinn, da kënne mer eppes gewannen."

No der Goldmedail op de Spiller vun de klenge Länner op Malta 2023 erlieft d'FLBB-Formatioun vläicht kee kompletten Ëmbroch, mä awer trotzdeem punktuell Changementer. Ënnert anerem de Bob Melcher huet seng Schong am Nationaltrikot un den Nol gehaangen. Elo gëllt et, vun der Mëschung vu jonk an awer och e bëssen méi al ze profitéieren.

Den FLBB-Kapitän Alex Laurent: "Mir hunn nach e puer Joer virun eis. Also voilà, déi Jonk abannen an awer och nach eise Basket weiderspillen. Also mir, d'Eeleregeneratioun, wéi Oli, Joé, Thomas a Clancy, mir hunn nach e puer Joer an eis."

A Rumänien dierf ee sech ee ganz haarde Match erwaarden. D'Preparatioun ass awer däitlech méi liicht gefall, well een d'Rumänen aus der jéngster Vergaangenheet kennt. Bei den Norweger kéint een op en änlechen Stil vu Basket wéi bei de Lëtzebuerger stoussen, deemno fält d'Analys vun de Géigner ganz verschidden aus.

Den Nationaltrainer Ken Diederich: "Ganz ënnerschiddlech. Rumänien ass grouss, physesch méi Post Up, méi inside Game. Bësse méi lues wéi mir. An Norwegen ass e bësse wéi mir. Déi si sprëtzeg, séier, déi hunn en Elan och an Norwegen am Basket gehat. Déi hunn d'Hale voll, déi hunn zwee Spiller an der Bundesliga, zwee a Spuenien. Dat ass eng Ekipp, déi vill Progrèse gemaach huet. D'Rumäne sinn änlech wéi virun annerhallwem Joer, wou mer gespillt hunn. Dat heescht, do wësse mer e bësse wat kënnt. D'Norweger sinn e bëssen onbeschriwwe fir eis, well mir hunn déi fir d'lescht virun, ech weess et net, virun 20 Joer gespillt."

Déi lescht Jore war de Gymnase vun der Coque bei de Lännermatcher ëmmer gutt gefëllt. D'Nationalekipp baut fir de Match géint Norwegen e Sonndeg op en Neits op d'Ënnerstëtzung vun de Fans. Fir d'éischt waart en Donneschdeg den Owend um 18 Auer awer Rumänien op d'FLBB-Formatioun.