Et ass offiziell
Steffen Baumgart gëtt Trainer beim HSV

© AFP
Den Ex-Trainer vum Drëttleschten aus der Bundesliga Köln iwwerhëlt domadder den Drëtten aus der zweeter Liga Hamburg.
Elo ass et offiziell. De Steffen Baumgart gëtt den neien Trainer vum Hamburger SV an der zweeter däitscher Bundesliga, dat huet de Veräin en Dënschdeg de Moien annoncéiert.
Den HSV war zanter der Trennung vum Tim Walzer Mëtt Februar op der Sich no engem neien Trainer. De Baumgart stoung bis Dezember d'lescht Joer nach beim 1. FC Köln ënner Kontrakt.
Momentan steet Hamburg op der 3. Plaz an der zweeter däitscher Bundesliga. D'Zil ass et, nom Ofstig 2018 nees zeréck an déi éischt däitsch Bundesliga opzesteigen.
Am meeschte gelies