Ehis Etute iwwerzeegt mat 12 Punkte beim NIKE hoop summit

© Roland Miny / pressphoto (Archiv)
Iwwer déi lescht Deeg war d'Ehis Etute beim NIKE hoop summit zu Portland am Bundestaat Oregon an den USA aktiv.
Beim prestigiéisen NIKE hoop summit ginn déi bescht jonk Spillerinnen a Spiller vun der Welt agelueden. Zesumme gëtt e puer Deeg trainéiert an um Enn vum "summit" gëtt et e Match tëschent der Auswiel aus den USA "Team USA" an der Auswiel aus dem Rescht vun der Welt "Team World". Dësen Duell konnt d'"Team USA" bei den Damme knapp mat 83:80 fir sech entscheeden. D'Ehis Etute war beim "Team World" aktiv, si koum op staark 12 Punkten, déi meeschten an hirer Ekipp. Déi 18 Joer jonk Spillerin vum T71 Diddeleng konnt duerch hir Leeschtung op sech opmierksam maachen.
Well d'Etute an den USA aktiv war, huet d'Spillerin d'Halleffinall vun Diddeleng am nationale Championnat verpasst. Hei konnt Diddeleng um Samschdeg den decisiven drëtte Match géint Bartreng gewannen a sech domat fir d'Finall qualifizéieren. An der Finall géint de Gréngewald Hueschtert ass mam Etute déi stäerkst lëtzebuergesch Spillerin aus der LBBL nees mat dobäi.