No de Logoen elo den Trikot
D'FLF huet weideren Trikot presentéiert
Den neien Trikot vun der Nationalekipp steet ganz am Zeeche vum Roude Léif. Dësen ass am rouden Trikot grouss mat agebonnen, dat an enger anerer Nuance.
D'Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel si mat integréiert, dëst um Bond un den Äerm an och um Réck.
Da fënnt een och nach de Schrëftzuch "Roude Léiw Huel Se", grad ewéi d'Grënnungsjoer 1908 um Trikot erëm.
Et kann een den Trikot vun en Donneschdeg 12 Auer u virbestellen.
E Mëttwoch gouf nach eng weider Variant vum Trikot virgestallt, grad ewéi och de 25. Abrëll, wou et dann um Auswäertstrikot ass.
© RTL Grafik
Am meeschte gelies