E Mëttwoch de Moie war de Sport, haaptsächlech awer Olympia Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

A genee engem Mount fänken d'Olympesch Summerspiller zu Paräis un. En Donneschdeg kënnt déi olympesch Flam kuerz op Lëtzebuerg. Fir d'zweete Kéier iwwerhaapt an der Olympiageschicht. D'olympesch Feier gëtt um 13.10 Auer am Dräilännereck zu Schengen erwaart. A Presenz vun notamment dem Grand-Duc Henri, dem Ausseminister Xavier Bettel an dem Sportminister Georges Mischo a ronn 150 Invitéeën.

Fir d'lescht gouf d'olympesch Flam 1948 duerch de Grand-Duché gedroen, am Kader vun der Olympiad zu London. De Leefer Edmond Schmitt, dee viru 76 Joer de Staffellaf duerch d'Land matgelaf ass, ass en Donneschdeg iwwregens och derbäi. Den Dräilännereck ass déi véiert vun am Ganze siwe Statiounen an der Moselle. D'olympesch Feier kënnt wéi gesot am fréien Nomëtteg en Donneschdeg iwwer d'Muselbréck zu Lëtzebuerg un a gëtt da vun der fréierer Tennisspillerin Anne Kremer gedroen. D'Sportlerin, déi Lëtzebuerg dräi Mol bei enger Olympiad vertrueden huet, gouf vum Olympesche Comité nominéiert, sou de President vum COSL André Hoffmann e Mëttwoch bei eis am Interview. D'Organisatioun vum Fakellaf zu Lëtzebuerg louch fir de Rescht an den Hänn vum Ausseministère. De COSL selwer gouf am September iwwert de Passage vun der Flam informéiert.

Interessant ass, datt den Dräilännereck déi eenzeg Statioun baussent dem franséischen Territoire dëst Joer ass. D'Symbolik vu Schengen hätt den Ausschlag ginn, datt un de Grand-Duché geduecht gouf, sou eisen Invité vun der Redaktioun.
 
Leit, déi de Passage vun der Flam gesi wëllen, si gutt beroden, mat Zäiten zu Schengen ze sinn. D'Grenzbréck an d'Stroosse ronderëm si scho vun 10 Auer u fir den Trafic gespaart. 

10 Athleten an Athletinne virleefeg fir Paräis nominéiert

E Méindeg huet de COSL déi virleefeg Delegatioun fir d‘Olympesch Spiller festgehalen, déi d'Lëtzebuerger Faarwen zu Paräis vertriede soll. Et sinn dat fir den Ament d'Patrizia van der Weken an de Bob Bertemes (Liichtathletik) d'Coureuse Christine Majerus, d'Triathletin Jeanne Lehair, d'Ni Xia Lin, d'Sarah De Nutte an de Luka Mladenovic (Dëschtennis), de Pit Klein (Bouschéissen), den Nicolas Wagner (Dressurreiden) an de Ralph Daleiden Ciuferri (Schwammen)

An der Liichtathletik virop stinn de Weekend nach Decisioune bei de Championnater aus. An am Vëlossport huet d'Federatioun bis elo nach kee bei den Häre proposéiert.

Eng Nominatioun fir Olympia géif net nëmme vun der Performance ofhänken, do géifen nach eng Rei aner Facteure mat eraspillen. De COSL géif an der Reegel och op d‘Propositioun vun den eenzele Sportverbänn lauschteren, sou den André Hoffmann, 

Et ass ëmmer méi gefuerdert

Et géif ëmmer méi schwéier ginn, sech iwwerhaapt fir Olympia ze qualifizéieren, seet de COSL-President. Lëtzebuerg huet och dëst Joer keng realistesch Hoffnungen op eng Medail. Als klengt Land sollt en hei och net ze vill "vermëssen" sinn. Den Olympesche Comité hofft, datt d'Athleten an d'Athletinnen zu Paräis op hirem Topleeschtungsniveau kënnen untrieden an da misst ee kucke wat dobäi erauskënnt. Besonnesch d'Jeanne Lehair am Triathlon wier am noosten un der Weltspëtzt drun. Ma och Patrizia van der Weken an de Bob Bertemes hätten an der Vergaangenheet mat gudde Resultater iwwerzeegt. 
 
Eng éischte Kéier gëtt et eng sougenannte "Maison du Luxembourg" wärend der Olympiad zu Paräis. Hei solle sech Sportler, Supporter an aner Gäscht begéine kënnen. De Staat léisst sech d'Localitéiten am Stade Bouin 1,2 Milliounen Euro kaschten. A Privatleit mussen 150 Euro fir en Dagesticket bezuelen, fir eranzekommen. Deen héije Präis geet, dem André Hoffmann no, an d'Rei. Ëmmerhi wier hei och déi ganz Verfleegung mat dran an d'Leit kéinten de Sport um groussen Ecran suivéieren. Am Verglach mat de richtegen Tickete fir d'Competitioune wier et richteg bëlleg.
D'Olympesch Summerspiller fänken de 26. Juli zu Paräis un an dauere bis den 11. August.

Invité vun der Redaktioun: André Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.