Lescht Woch war déi olympesch Fakel eng zweete Kéier hei am Land. 1948 war dat schonn eng Kéier de Fall.

Zu Schengen gouf lescht Woch Sportgeschicht geschriwwen! Zu Paräis si jo a knapp dräi Wochen d’Olympesch Summerspiller an d’Fakel ass zënter Mëtt Abrëll vun Olympia aus ënnerwee an huet och Halt zu Lëtzebuerg gemaach, dat awer net fir d’Éischt!

Ënnert den Éieregäscht waren nieft der Groussherzoglecher Koppel an dem Prënz Louis, dem Aussen- a Sportminister och héichrangeg Politiker aus em Ausland – wéi d'Malu Dreyer oder déi franséisch Sportministesch Amelie Oudea Castera an natierlech vill Vertrieder aus dem Sport war, an den Edmond Schmitt. Si all hunn op de Moment gewaart, wéi déi fréier Tennisspillerin Anne Kremer déi d’Olympesch Flam no 76 Joer fir zweet op Lëtzebuerg bruecht huet.

Déi alleréischt Kéier war am Kader vun den Olympesche Spiller zu London 1948. Deemools war et den  talentéierte Liichtathlet, spéidere Journalist an Auteur Edmond Schmitt. Hie gouf mat grad emol 20 Joer ee vun den 38 Leefer, déi mam Friddenssymbol eng 100 Kilometer duerch d’Land gelaf sinn. Vu Leideleng an d’Stad huet hien d’Fakel deemools gedroen, 3 Kilometer matten an der däischterer Nuecht, kuerz nom zweete Weltkrich.

Am Magazin weise mer e gréissere Portrait vun fréiere Sprinter, deen haut 96 Joer huet ma dem säi ganzt Liewe vun dësem eenzegaartege Fakellaf gepräägt ass.