Zu Font Romeu huet d'Jeanne Lehair de leschten intensive Schlëff virun den Olympesche Spiller geholl.

5 Wochen Training an der Héicht, dat mat enger wéineger intensiver éischter Woch, fir dass de Kierper sech un d'Bedingunge ka gewinnen. Duerno stoung da méi intensiven Training um Programm. D'Ustrengung  an der Héicht, an de méigleche Benefice fir de Kierper an d'Performance, ass eng Wëssenschaft fir sech an d'Jeanne Lehair huet aus den Erfarunge vum leschte Joer geléiert.

Trainéiert gëtt ënnert der Leedung vum portugiseschen Erfollegscoach Paulo Sousa. Vun deenen 12 internationalen Triathleten an Triathletinnen aus senger Grupp hu sech der 9 fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert. Fir d'Jeanne Lehair ass den Depart a knapp 2 Wochen. 

Zanter 2 Joer ass d'Jeanne Lehair fir déi Lëtzebuerger Triathlonfederatioun aktiv, an d'Leeschtungskurv weist wärend dëser Period konstant no uewen. E positiivt Encadrement vun der Federatioun huet heizou och bäigedroen. Wärend deenen 2 Joer goufen 2000 Kilometer geschwommen, 24.000 um Vëlo, a 5600 am Lafen zréckgeluecht. Mat engem Europameeschtertitel an enger 5. Plaz um Weltcup zu Cagliari als Belounung.

Och déi 4. Plaz d'lescht Woch um Sprintweltcup zu Hamburg huet gewisen dass d'Neo-Lëtzebuergerin sech an der ieweschter Weltspëtzt etabléiert huet. Paräis ka kommen.