D'Ni Xia Lian huet op den Olympesche Spiller Geschicht geschriwwen a net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee weltwäit fir Schlagzeile gesuergt.

"Das Fitness-Geheimnis der Tischtennis-Oma", eng Bild-Schlagzeil, mat där sech d’Spillerin sécher net identifizéiere kann. Ma och an der internationaler Press gouf sech seriö d’Fro gestallt: "Wéi bréngt si et fäerdeg, mat 61 Joer mat der Weltspëtzt matzehalen?"
De kreatiivste Wee dem Geheimnis op d’Spuer ze kommen, hat awer den RTL-Sportjournalist Jeff Kettenmeyer, hien huet selwer zur Rackett gegraff.

Standing Ovations nom Match

Zu Paräis hätt si en historesche Moment erlieft, esou d'Ni Xia Lian um Mëttwoch no der Partie. Mat 61 Joer ass si déi eelste Spillerin, déi jee en Dëschtennis-Match op den Olympesche Spiller gewonnen huet. Et waren hir 6. Olympesch Spiller an de Match géint déi aktuell Nummer 1 op der Welt, d’Sun Yingsha, sécher ee vun den Highlights.

D'Lëtzebuergerin huet sech mat 0:4 an de Sätz misse geschloe ginn an trotzdeem hat si iwwer de ganze Match e Laachen um Gesiicht.

Grand-Duc grousse Fan

De Grand-Duc Henri ass e grousse Fan vum Ni Xia Lian, am RTL-Interview hat hie vun enger grousser Inspiratioun geschwat fir Jonk an Al. An der Hal war de Grand-Duc ee vun den éischte Gratulanten op der Plaz. De Grand-Duc hätt der Ni Xia fir hire gudde Match felicitéiert.

RTL

© AFP

Zanter iwwer 30 Joer lieft d'Ni Xia Lian zu Lëtzebuerg

De 4. Juli 1963 gouf d'Ni Xia Lian zu Shanghai a China gebuer. 1983 ass si bei der Weltmeeschterschaft zu Tokio Weltmeeschterin mat der Ekipp a Weltmeeschterin am Double Mixed ginn. Zwee Joer drop hat si sech bei der WM zu Göteborg a Schweden Sëlwer am Eenzel geséchert.

No hirem Récktrëtt Mëtt den 1980er Joren huet et d'Ni Xia Lian 1990 an de Grand-Duché gezunn. Ee Joer drop ass si du fir d'éischte Kéier fir Lëtzebuerg bei enger internationaler Kompetitioun ugetrueden. Wéi et dozou komm ass, datt d'Ni Xia Lian op Lëtzebuerg komm ass, gitt Dir am Portrait gewuer, deen 1991 am Hei Elei diffuséiert gouf.