Am RTL-Interview schwätzt den FLF-President Paul Philipp iwwer déi nächst Saison, iwwer d'Favoritten ëm den Titel an d'Roll déi, d'Opsteiger kënne spillen.

De Paul Philipp hofft, datt d‘Saison bis zum Schluss spannend bleift an dat esouwuel fir déi éischte Platzen, wéi och fir den Ofstig. 30 Spilldeeg stinn um Programm. D‘Saison muss Enn Mee eriwwer sinn, dofir ass et wichteg, datt am Wanter net vill Matcher wéinst de Wiederkonditiounen ausfalen. Dat ass all Joer ee Problem. 
 
Wat d‘Course ëm de Championstitel ugeet, esou geet den FLF President dovunner aus, datt Déifferdeng gutt Chancen huet fir um Enn vun der Saison, nees ganz uewen ze stoen. Am RTL Interview lueft de Paul Philipp, de Rousperter Veräin. De klenge Club vun der Sauer, hätt ëmmer nees eng gutt Nues, fir déi richteg Transferten ze maachen. D‘Opsteiger, Beetebuerg, Hueschtert a Rodange mussen net onbedéngt déi Veräiner sinn, déi nees direkt ofsteigen, seet de Paul Philipp.
 
Et gëtt dëst Joer eng nei Reegel. Just de Kapitän däerf nach mam Arbitter diskutéieren. Dat neit Reglement, gëllt awer aktuell just am Seniorsberäich. Firwat dat esou ass, erkläert de Paul Philipp am Interview. Den FLF President suivéiert och d‘Olympesch Spiller. D‘Begeeschterung fir d‘Futtball Kompetitiounen bei Olympia, hält sech awer bei him a Grenzen.

Eng Virschau op all d'Matcher vum 1. Spilldag an d'Presentatioun vun allen Ekippen an hire Kadere mat Fotoe vun de Spiller fannt Dir hei.