Bayern géint Barcelona, PSG a Benfica mam Leandro Barreiro

© VALERY HACHE AFP
Donieft trëfft ë.a. Manchester City op Inter an et kënnt zur Neioplo vun der Finall 2024 tëscht Real an dem BVB.
Fir d'Saison 2024/2025 gëtt d'Champions League an engem ganz neie Modus gespillt. Wat Dir iwwer den neien Champions-League-Modus wësse musst, dat fannt Dir an eisem Froen-an-Äntwert-Artikel.
En Donneschdeg den Owend huet d'Uefa am Grimaldi Forum zu Monaco d'Matcher vun der Liga-Phas ausgeloust. Den 1. Spilldag gëtt de 17., 18. an 19. September gespillt. De geneeë Spillplang gëtt e Samschdeg vun der Uefa publizéiert.
Hei eng Auswiel vun de Matcher, déi an der Liga-Phas gespillt ginn:
Mam Leandro Barreiro ass nach ee Lëtzebuerger an der Champions League dobäi. Hien trëfft mat Benfica Lissabon doheem op den FC Barcelona, Atletico Madrid, Rotterdam a Bologna an auswäerts op Bayern München, d'Juve, Roude Stär Belgrad an d'AS Monaco.
Den däitsche Champion Leverkusen trëfft doheem op Inter Mailand, AC Mailand, Salzburg, a Sparta Prag an auswäerts op Liverpool, Atletico Madrid, Feyenoord Rotterdam a Brest.
Bayern München spillt doheem géint Paris Saint Germain, Benfica Lissabon, Dynamo Zagreb a Bratislava an auswäerts géint Barcelona, Shartaar Donezk, Feyenoord Rotterdam an Aston Villa.
A Borussia Dortmund kritt et doheem mat Barcelona, Schartaar Donezk, Celtic a Sturm Graz ze dinn. Auswäert geet et da géint Real Madrid, Brugge, Dynamo Zagreb a Bologna.
Den englesche Champion Manchester City spillt doheem géint Inter Mailand, Brugge, Feyenoord Rotterdam a Sparta Prag an auswäerts géint de PSG, Juventus, Sporting Lissabon a Bratislava.
Arsenal kritt et doheem mam PSG, Donezk, Zagreb a Monaco an auswäerts mat Inter Mailand, Atalanta Bergamo, Sporting Lissabon a Girona ze dinn.
A Liverpool trëfft doheem op Real Madrid, Leverkusen, Lille a Bologna an auswäerts op Leipzig, AC Mailand, Eindhoven a Girona.
De spuenesche Champion Real Madrid muss doheem géint Borussia Dortmund, AC Mailand, Salzburg a Stuttgart an auswäerts géint Liverpool, Atalanta, Lille a Brest untrieden.
Den FC Barcelona spillt dann doheem géint Bayern München, Atalanta, d'Young Boys Bern a Brest an auswäerts géint Dortmund, Benfica, Roude Stär Belgrad a Monaco.
De franséische Champion Paris St. Germain trëfft doheem op Man City, Atletico Madrid, PSV Eindhoven a Girona an auswäerts op Bayern München, Arsenal, Salzburg a Stuttgart.
Den italieenesche Chamion Inter Mailand spillt doheem géint Leipzig, Arsenal, Roude Stär Belgrad an d'AS Monaco an auswäerts géint Manchester City, Leverkusen, Young Boys Bern a Sparta Prag.
Iwwerdeems trëfft de Stad-Konkurrent AC Mailand doheem op Liverpool, Brugge, Belgrad a Girona an auswäerts op Real Madrid, Leverkusen, Zagreb a Bratislava.
De portugisesche Champion Sporting Lissabon wäert dann doheem géint Manchester City, Arsenal, Lille a Bologna an auswäerts géint Leipzig, Brugge, Eindhoven a Graz mussen untrieden.
Den Iwwerbléck vun all de Partië fannt Dir um Site vun der Uefa.
Op RTL kënnt Dir och dës Saison nees d'Champions League live suivéieren. Op RTL.lu fannt Dir donieft de Spillplang, d'Tabell, d'Statistiken an déi verschidden Ekippen.