De Maxime Chanot verléiert de Spëtzematch an Amerika, grad wéi de Mathias Olesen mat Köln an der zweeter däitscher Bundesliga.

An der Nuecht op e Sonndeg huet de Maxime Chanot de Los-Angeles-Derby tëscht LA Galaxy an LA FC 2:4 verluer an huet an der Tabell elo 7 Punkte Réckstand op de Lokalrival, dee Spëtzereider an der Western Conference ass. Dem Chanot seng Ekipp louch no 45 Minutte souguer 2:0 vir, éier Galaxy de Match bannent 10 Minutten dréine konnt. De Lëtzebuerger Nationalspiller koum an der 72. Minutt vun der Bänk a konnt de véierte Gol fir Galaxy, wou de Marco Reus zënter Kuerzem ënner Vertrag ass, net verhënneren.

An der Belsch hat Union St. Gilloise kee gudden Dag erwëscht. D'Ekipp vum Anthony Morris huet 0:2 géint Royal Antwerpen verluer an domat och den Uschloss un d'Tabellespëtzt. Virun allem d'Giel-Rout Kaart fir St. Gilloise an der 60. Minutt huet wéigedoen an Antwerpen e Virdeel bruecht.

Fir de Laurent Jans a Beveren gouf et par conter an der Challenger Pro League eng 3:2-Victoire géint d'zweet Ekipp vum KRC Genk. Beveren louch zweemol a Féierung, mee Genk konnt ëmmer ausgläichen. An der leschter Spillminutt ass Beveren awer nach den decisive Gol gegléckt, soudass si an der Tabell weider vir dobäi sinn.

Elversberg, wou de Raphael Duarte Co-Trainer ass, huet an der zweeter däitscher Liga 0:0 géint Greuther Fürth gespillt. An der 52. Minutt hunn d'Saarlänner en Eelefmeter leie gelooss an domat déi zweet Victoire an dëser Saison verpasst. Elversberg läit mat elo 6 Punkten am Tabellemëttelfeld.

Eng Klass méi héich waart den FC St. Pauli mam Danel Sinani weider op déi éischt Punkten, mee op d'mannst konnten d'Hanseaten den éischte Gol vun der Saison markéieren. Beim FC Augsburg gouf eng 1:3-Defaite fir d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller, dee wärend den 90 Minutten net zum Asaz koum.

Samschdeg

Bei Benfica Lissabon ass de Knuet no engem schwéiere Start an déi nei Saison geplatzt. D'Ekipp vum Leandro Barreiro huet de Konkurrent Santa Clara mat 4:1 heemgeschéckt a steet elo nees an den Top3. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet de gréissten Deel vum Match op der Bänk verbruecht a gouf eréischt an der 81. Minutt agewiesselt, wéi de Match schonn decidéiert war.

Den Yvandro Borges laboréiert nach ëmmer un enger Knéiverletzung a konnt beim 1:3 vu Gladbach géint Stuttgart net mat vun der Partie sinn.

Dat selwecht Resultat gouf et fir den Alessio Curci a Francs Borains an der zweeter belscher Liga. Borains huet sech doheem 1:3 géint Lommel musse geschloe ginn. Schonn no 33 Minutte stoung et 0:3 fir d'Ekipp vum Lëtzebuerger. Borains ass an der zweeter Hallschent nach den Éieregol gelongen. De Curci stoung wärend 90 MInutten als Offensivspiller um Terrain.

Am Owesmatch vun der 2. däitscher Bundesliga huet sech Köln Magdeburg 1:2 musse geschloe ginn. Köln huet de Match iwwer laang Strecken dominéiert, Magdeburg hat awer de méi laangen Otem an der Schlussphas a konnt de Match nach dréinen. De Mathias Olesen huet de Match wärend 90 Minutte vun der Bänk suivéiert.

Den Enis Muratovic gouf bei der 0:3-Néierlag vu sengem Veräin Odra Opole an der 60. Minutt agewiesselt, konnt senger Ekipp awer net méi zu engem Gol verhëllefen. Fir Opole war et déi zweet Néierlag hannerteneen an der héchster polnescher Liga.

Och de Sébastien Thill hat mat Rzeszow kee gudden Dag erwëscht. Am Spëtzematch géint Termalica stoung et um Enn 1:2 aus Siicht vu Stal Rzeszow. De Lëtzebuerger stoung wuel 90 Minutten um Terrain an huet den 1:2 vu senger Ekipp an der 82. Minutt virbereet, mee den Uschloss koum ze spéit.

Fir de Seid Korac a Vojvodina gouf et um 8. Spilldag vun der héchster serbescher Liga eng 2:0-Victoire géint déi besser placéiert Ekipp vu Zeleznicar Pancevo. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun, gouf awer an der Paus ausgewiesselt, well hien eng Rout Kaart riskéiert huet. No 8 Spilldeeg huet Vojvodina eng ausgeglach Bilanz: 2 Victoiren, 2 Gläichspiller, 3 Néierlagen.

FK Sarajevo, de Veräi vum Mirza Mustafic, huet am Spëtzematch 2:2 géint den direkte Verfollger Posusje gespillt a bleift domat un der Tabellespëtzt vun der héchster bosnescher Liga. De Lëtzebuerger huet 62 Minutte gespillt an huet den 1:0 vu Sarajevo vum Guliashvili opgeluecht.

Den Enes Mahmutovic huet d'1:0-Victoire vun NAC Breda géint Sittard an der hollännescher Eredivisie vun der Bänk aus verfollegt.

Freideg

An der hollännescher Eerste Divisie huet Den Bosch, dem David Jonathans seng Ekipp, 2:0 géint Den Haag gewonnen. D'Lëtzebuerger Talent, dat vum FC Bayern München un d'Hollänner ausgeléint gouf, koum awer wärend den 90 Minutten net zum Asaz.

An der franséischer Ligue 2 huet Bastia mat Troyes 0:0 gedeelt, soudass d'Ekipp vum Florian Bohnert just ee Punkt geraf huet. Domat huet Bastia de Sprong un d'Tabellespëtzt verpasst, zumools well Troyes virun dësem Match nach kee Punkt hat.