Keng Goler tëscht Manchester City an Inter Mailand

© AFP
Bei engem 0:0 vun der besserer Zort deele sech béid Ekippen um Enn mat engem gerechte Remis d'Punkten.
E Mëttwoch den Owend war am neie Format vun der Champions League d'Suite vum 1. Spilldag.
An der Partie tëscht Manchester City an Inter Mailand ass de Match no 90 Minutte ouni Goler op en Enn gaangen. Vun Ufank un huet et op béide Säiten net u Golchancë gefeelt, dofir awer un der néideger Prezisioun fir ee Gol ze schéissen. Mat vill Vitesse a Golchancë war et och am zweeten Duerchgang weidergaangen, ma och hei war bis zum Schluss kenger Ekipp d'Decisioun gelongen.
Fir Dortmund ass et duerch dräi spéit Goler eng um Enn kloer Victoire zu Bruges ginn. No enger ausgeglachener, ma wéineg spektakulärer éischter Hallschent ass den Drock op de Gol vu Bruges géint dem Enn vun der Partie ëmmer méi grouss ginn. Zwee Goler vum Jamie Gittens hu fir d'2:0-Féierung bannent 10 Minutte gesuergt an de Serhou Guirassy huet mam 3:0 vum Eelefmeterpunkt den Deckel dropgemaach.
De PSG huet sech da virun den eegene Spectateure a leschter Minutt en 1:0-Succès géint Girona geséchert. Déi franséisch Lokalekipp hat an den éischte 45 Minutten d'Kontroll iwwert de Match, konnt domat awer net wierklech Gefor virum géigneresche Gol opkomme loossen. An der zweeter Hallschent sinn d'Chancen dann ëmmer méi ginn. Eng ofgefälschte Flank vum Nuno Mendes sollt dann an der 90. Minutt fir d'Decisioun suergen.
Manchester City - Inter Mailand 0:0
An den éischte Minutte vum Match, an deenen d'Haushäre vu Manchester City de Ball gréisstendeels duerch déi eege Reie lafe gelooss hunn, sinn och no an no op béide Säiten déi éischt Golchancen entstanen. D'Gäscht sinn dobäi virun allem iwwer Konter geféierlech ginn. An enger oppener Partie mat vill Vitesse hätt den éischte Gol kënnen op béide Säite falen, ma mat engem 0:0-Remis ass et no 45 Minutten an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel, bei deem den Ilkay Gündogan an de Phil Foden fir frësche Wand bei der Lokalekipp suerge sollten, louch de Schwéierpunkt als éischt Mol op engem séchere Ballbesëtz. Wéi och an der éischter Hallschent ass Inter Mailand ëmmer nees duerch séier Ëmschaltmomenter geféierlech ginn, wou dann awer déi lescht decisiv Prezisioun gefeelt huet. Och fir Manchester City huet et virum géigneresche Gol op dësem Dag net sou gutt geklappt wéi an der Premier League. Bis zum Schluss sollt kenger Ekipp den decisive Gol geléngen a sou deele si sech mat engem 0:0 vun der besserer Zort d'Punkten.
Bologna - Shakthar Donezk 0:0
Club Bruges - Dortmund 0:3
0:1 Gittens (76'), 0:2 Gittens (86'), 0:3 Guirassy (90+4')
PSG - Girona 1:0
1:0 Mendes (90')
Celtic Glasgow - Slovan Bratislava 5:1
1:0 Scales (17'), 2:0 Furuhashi (47'), 3:0 Engels (56'), 3:1 Wimmer (60'), 4:1 Maeda (70'), 5:1 Idah (86')
Sparta Brag - Salzburg 3:0
1:0 Kairinen (2'), 2:0 Olatunji (42'), 3:0 Laci (58')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.