Mamer huet sech an enger enker Finall eréischt no 5 Sätz duerchgesat. Fir Stroossen war et géint Iechternach méi kloer.

An engem spannende Match huet sech Mamer den éischten Titel vun der Saison geséchert. De Match war eréischt no 5 Sätz decidéiert an huet 2 Stonnen an 19 Minutte gedauert.

Den éischte Saz hat Mamer mat 25:23 fir sech entscheet, mee déi zwee nächst Sätz goungen u Walfer (26:24 a 25:21) an et hat ee gemengt, d'RSR géif de Sak am véierte Saz zoumaachen. Deem war awer net esou a Mamer konnt dëse kloer gewannen (25:15) an hat och am decisive fënnefte Saz déi méi glécklech Hand (15:11).

Well den Dammematch esou laang goung, gouf den Härematch mat Verspéidung ugepaff. Hei huet sech Stroossen an 1 Stonn a 16 Minutten 3:0 géint de VB Iechternach behaapt a kann den nächste Supercup a seng Vitrinn stellen.

Den éischte Saz war mat 25:22 deen enkste Saz, well duerno goungen d'Sätz mat jeeweils 25:18 a 25:19 un de Champion.