Déifferdeng wënnt de Spëtzematch zu Esch
D'Red Boys bauen hire Virsprong un der Tabellespëtzt op déi Escher duerch de Succès aus.
E Samschdeg war am nationalen Handballchampionnat bei den Dammen den 9. a bei den Hären den 11. Spilldag.
Axa League Hären
Nom Punkteverloscht vu leschter Woch konnt den HB Esch keng Reaktioun weisen an huet de Spëtzematch mat 22:26 géint d'Red Boys verluer. Domat steet d'Ekipp vun Déifferdeng elo mat 20 Punkten op der éischter Tabelleplaz.
Hannendru placéiert sech den HC Bierchem mat 18 Punkten. D'Ekipp aus dem Réiserbann huet den HB Käerjeng e Samschdeg trotz ville Blesséierte mat 45:27 iwwerrannt an domat ee kloert Zeechen no uewe gesat.
An den zwou weidere Partië vum Owend gouf et dann nach eng däitlech 38:20-Victoire fir den HB Diddeleng géint Dikrech an no enger 26:36-Defaite géint de Standard huet Rëmeleng sou gutt wéi keng Chance méi op déi 6. Plaz.
Axa League Dammen
No der héijer Defaite géint Diddeleng huet den HB Käerjeng eng Reaktioun gewisen an de Spëtzematch zu Déifferdeng mat 24:23 fir sech entscheet. Duerch déi knapp Victoire stinn déi Käerjenger virleefeg op der éischter Tabelleplaz.
Hannendrun ass aktuell den HB Diddeleng, deen e Samschdeg duerch ee Forfait vu Réiden net gespillt huet an donieft nach zwee Nodrosmatcher um Programm huet, mat deenen d'Féierung un der Tabellespëtzt nees kann iwwerholl ginn.
An den zwou weidere Partië vum Dag gouf et dann nach ee kloren 32:14-Succès vu Museldall géint de Standard an den HB Esch huet den direkte Konkurrent vun Dikrech duerch en 23:21-Succès an der Tabell distanzéieren.