E Sportjoer voller Emotioune geet op en Enn
Op nationalem Plang, bei den Olympesche Spiller an de Paralympics zu Paräis goufen et 2024 vill sportlech Héichpunkten.
Den Tom Habscheid krut net nëmmen eng Medail, ma gouf och Sportler vum Joer. Eng besonnesch Éier fir hien an de Parasport zu Lëtzebuerg.
Donieft loosse mir d'Saison vun der Sportlerin vum Joer, Patrizia van der Weken, Revue passéieren.
Mir huelen nach emol d'Prestatioun vun der Basketball-Dammennationalekipp méi genee ënnert d'Lupp. D'FLBB-Formatioun huet net nëmmen d'Chance, sech fir d'Europameeschterschaft 2025 ze qualifizéieren, mee krut och de Präis vun der Ekipp vum Joer iwwerreecht.
An dëser Spezialemissioun stelle mir Iech och d'Nowuesstalenter Gwen Nothum an David Lang méi genee vir. Si goufen op der Awards Night mam Prix du Jeune Espoir ausgezeechent.

© RTL-Grafik