Wärend an der däitscher Bundesliga Wanterpaus ass, gëtt an den anere groussen europäesche Lige gespillt.

Premier League

Tottenham - Newcastle 1:2
1:0 Solanke (4'), 1:1 Gordon (6'), 1:2 Isak (38')

D'Negativserie vun Tottenham geet och am neie Joer weider. Trotz enger fréier Féierung hunn d'Spurs géint dat opstriewend Newcastle veluer a waarden elo schonn zënter 4 Matcher op eng Victoire. Fir Newcastle ass et déi sechst Victoire hannerteneen. No enger turbulenter éischter Hallschent sollten am zweeten Duerchgang keng weider Goler falen, well Tottenham et ze komplizéiert gemaach huet. Mee och Newcastle hätt nach e weidere Gol schéisse kënnen.

Crystal Palace - Chelsea 1:1

0:1 Palmer (14'), 1:1 Mateta (82')

Chelsea leeft senger gudder Form hannendrun a kann de véierte Match hannerteneen net gewannen. Duerch de spéide Remis géint Crystal Palace verléieren d'Blues weider den Uschloss un d'Tabellespëtzt. Liverpool kann e Sonndeg op 12 Punkten dervunzéien.

Manchester City - West Ham 4:1

1:0 Coufal (10', Eegegol), 2:0 Haaland (42'), 3:0 Haaland (55'), 4:0 Foden (58'), 4:1 Füllkrug (71')

ManCity kann am neie Joer nees gewannen a mécht den nächste Schratt aus der Kris. D'Skyblues waren de ganze Match iwwer net sou dominant, wéi een et vun hinne gewinnt ass, mee duerch e gutt opgeluechten Haaland an en Eegegol konnt den amtéierende Champion op d'Gewënnerstrooss abéien. Nom véierte Gol war de Match gelaf, och well West Ham seng wéineg Golchancen net notze konnt. Trotzdeem ass de Score e bëssen ze héich ausgefall.

Brighton - Arsenal 1:1
0:1 Nwaneri (16'), 1:1 Joao Pedro (61', Eelefmeter)

D'Serie vun Arsenal ass gerass. No dräi Victoiren um Stéck hu sech d'Gunners mat engem Gläichspill zefridde gi mussen. Fir Brighton, dat Arsenal op en Neits e Bee gestallt huet, war et dat véiert Gläichspill hannerteneen. Den 1:1 war wéinst dem harmlosen Optrëtt vun Arsenal an der zweeter Hallschent verdéngt. D'Gunners verléieren domat weider Buedem op den Tabelleleader Liverpool, déi e Sonndeg am Asaz sinn.

Serie A

Florenz - Neapel 0:3
0:1 David Neres (29'), 0:2 Lukaku (54', Eelefmeter), 0:3 McTominay (68')

Am Spëtzematch vum 19. Spilldag huet sech Neapel kloer bei Florenz duerchgesat an domat provisoresch d'Tabelleféierung iwwerholl. Et war en effektiven Optrëtt vun Neapel. Obwuel Florenz de bessere Start hat, konnt d'Ekipp vum Vesuv hir puer Chancen notzen an de Match zu senge Gonschten dréinen.

Ligue 1

Lille - Nantes 1:1
1:0 Gudmundsson (40'), 1:1 Abline (70')

Lille kënnt géint den Ofstigskandidat Nantes net iwwer e Gläichspill eraus a léisst wichteg Punkten am Kampf ëm d'international Plazen leien. Nantes hat souguer e weidere Gol geschoss, deen awer aus dem Abseits markéiert gouf.

La Liga

Valencia - Real Madrid 1:2
1:0 Duro (27'), 1:1 Modric (85'), 1:2 Bellingham (90'+5)

Real Madrid huet sech e Freideg am Nodrosmatch eréischt duerch zwee spéit Goler géint Valencia behaapt. D'Kinneklech hunn déi lescht 20 Minutte souguer mat just 10 Mann musse bestreiden. Nom 0:1 huet Madrid op den Ausgläich gedréckt, huet awer an der Persoun vum Bellingham en Eelefmeter leie gelooss. Dës Urenne gouf spéit mat Goler vu Modric a Bellingham belount. Real iwwerhëlt domat d'Tabellespëtzt an der La Liga.