Duerch d'Bëschbränn am Groussraum Los Angeles steet och d'US-Footballliga ronderëm de Start vun de Playoffs virun enger organisatorescher Erausfuerderung.

U sech haten d'Los Angeles Rams d'Heemrecht bei der Playoff-Partie géint d'Minnesota Vikings. Ma duerch d'Bränn, déi ronderëm Los Angeles amgaange sinn an de ganzen Damp, deen iwwert der Regioun läit, huet d'US-Footballliga elo decidéiert, den Noutfallplang a Kraaft ze setzen an de Match net zu Inglewood spillen ze loossen.. Esou wäert d'Partie vun der éischter Ronn vun de Playoffs zu Glendale am Bundesstaat Arizona gespillt ginn. Dem Stadion vun de Cardinals.

Noutfallplang gouf scho Mëtt der Woch op d'Bee gestallt

D'NFL wëll awer eng Verleeung vun de Matcher wa méiglech vermeiden. Sollt sech d'Situatioun verschlëmmeren an d'Partie vun de Los Angeles Rams géint d'Minnesota Vikings net wéi geplangt am SoFi Stadium gespillt kënne ginn, géifen d'Ekippen op de Stadion vun den Arizona Cardinals zu Glendale/Arizona zeréckgräifen.

"Wéi bei alle Matcher gëtt et Noutfallpläng fir de Fall, datt e Wiessel vum Stadion erfuerderlech gëtt", heescht et am NFL-Statement. D'Partie vun der éischter Playoff-Ronn soll an der Nuecht op en Dënschdeg zwou Auer Lëtzebuerger Zäit gespillt ginn. Och d'Rams suivéieren d'Situatioun. Engem Bericht vun ESPN no sollen aktuell keng Spiller oder Membere vun den Ekippe vun de Bränn betraff sinn.

E Mëttwoch (Lokalzäit) war schonn de Match vun der Äishockey-Profiliga NHL tëscht de Los Angeles Kings an de Calgary Flames ofgesot ginn. Wéini de Match nogeholl gëtt, steet nach net fest. Och d'Basketballspiller vun den LA Lakers an de Clippers kéinte betraff sinn. D'Lakers sollen en Donneschdeg an der NBA d'Charlotte Hornets empfänken.

Duerch d'Bränn, déi zanter e Mëttwoch vun honnerte Pompjeeë bekämpft ginn a schonn zéngdausende Leit zur Flucht gezwongen hunn, klëmmt d'Loftverschmotzung zu Los Angeles staark. ESPN no variéiert de Wäert vun der Loftqualitéit nom Loftqualitéitsindex no duerch Äschen an Damp an der Loft tëscht 150 an 300, woubäi schonn e Wäert vun 150 als "ganz ongesond" gëllt. De Wäert zu Inglewood, wou och de SoFi Stadion läit, soll bei 281 leien.