Op d'mannst 5 Doudeger an iwwer 100.000 Leit evakuéiert
D'Situatioun ass antëscht ausser Kontroll. D'Bëschbränn a Kalifornien hunn elo schonn op d'mannst 5 Leit d'Liewe kascht, iwwer 100.000 goufen evakuéiert.
Méi wéi 10.000 Hektar Bësch, Gestrëpps an Hecke sinn ausserdeem verbrannt, grad ewéi schonn iwwer 1.900 Haiser a Gebaier. Den US-President Biden huet iwwerdeem déi betraffe Regioun zum Katastrophegebitt erkläert, an eng Auslandsrees op Roum ofgesot.
Mëttlerweil hunn d’Flamen och déi bekannt Hollywood Hills erreecht. D'Autoritéiten hunn dowéinst zur Evakuéierung vum Zentrum vun Hollywood opgeruff: "Direkt Liewensgefor. Dëst ass eng gesetzlech Consigne, d'Gebitt elo ze verloossen", hunn d'Pompjeeë vu Los Angeles erkläert. D'Gebitt wier fir de Public gespaart. D'Evakuéierung betrëfft historesch Deeler vum als Kino-Dramfabrick bekannte Quartier mat zeg Filmstudioen.
Éier Hollywood huet missen evakuéiert ginn, ware schonn eng 70.000 Awunner aus anere Géigenden opgeruff ginn, hir Haiser ze verloossen. Am Viruert Pacific Palisades sinn op d'mannst 6.500 Hektar mat ronn 1.000 Gebaier verbrannt, dorënner Villae vu Schauspiller an anere Prominenten. Och zu Santa Clarita nordëstlech vun der Metropol an am Viruert Altadena si Bränn ausgebrach. Hei war e Mann vu 66 Joer ëm d'Liewe komm, dee sech senger Schwëster no net wollt a Sécherheet bréngen. Dat fir säin Haus virun de Flamen ze schützen.
Nieft den uerge Feier ginn et och massiv Stroumausfäll. Op d'mannst eng 300.000 Stéit hate keen Elektresch. Déi Zuel kéint weider an d'Luucht goen, wann d'Bränn sech weider ausbreeden. Déi zegdausende Pompjeeën, déi antëscht aus ganz Kalifornien an och anere Bundesstaaten op d’Plaz koumen, hu grouss Problemer fir genuch Läschwaasser erbäi ze kréien. Derbäi kënnt en ëmmer nach zolitte Wand, deen déi eenzel Bränn ëmmer nees weider umécht. E soll awer am Laf vun der Nuecht noloossen.
Eng Rei Villae vu Prominente verbrannt
Nëmmen e puer honnert Meter vum berüümten Hollywood-Boulevard zu Los Angeles ass dat lescht Feier ausgebrach, dat och d’Haiser vu ville Prominente betrëfft. Vill Stare goufen evakuéiert. Anerer hunn hiert Doheem verluer,
De Billy Cristal zum Beispill huet säin Haus verluer, wou hien zanter Joerzéngte gewunnt huet. Och d’Haus vum Paris Hilton gouf zerstéiert. Si huet live op der Tëlee missen nokucken, wéi hiert Doheem verbrannt ass. Anerer wéi d’Jamie Lee Curtis hunn hir ganz Noperschaft verluer, well déi Haiser verbrannt sinn. Riets geet vun 1.900 Gebaier, déi zerstéiert goufen. Schoulen a Restauranten sinn net méi do.
Iwwerdeem goufen d'Oscar-Nominatiounen, déi fir de 17. Januar geplangt waren, verréckelt.