Um Samschdeg stoungen an der Arena vun der Coque um Kierchbierg d'Coupefinallen um Programm.

Viru 4500 Leit hunn sech Hueschtert bei den Dammen an Esch bei den Hären den Titel geséchert.

Hären

De Resumé vun der Coupefinall bei den Hären
De Basket Esch konnt sech géint d'Etzella duerchsetzen an den zweete Coupe-Titel an der Veräinsgeschicht feieren

An der Coupe Loterie Nationale huet sech de Basket Esch an engem Krimi mat 68:66 géint d'Etzella Ettelbréck duerchgesat.

Ettelbréck huet an der éischter Hallschecht kee Rhythmus fonnt. An der Paus hat déi gewinnt staark Offensivekipp aus dem Norden nëmmen 25 Punkten um Kont an Esch louch 39:25 a Féierung.
D'Ekipp vum Trainer Gavin Love huet sech nom Säitewiessel allerdéngs zeréckgemellt an esou sollt et an der Schlussphas et ass et ganz spannend ginn. De Jimmie Taylor huet e Fräiworf verginn fir de Match 6 Sekonne viru Schluss auszegläichen, am Géigenzug huet den Thomas och just een vun zwee Fräiwërf getraff an Ettelbréck hat eng lescht Chance de Match auszegläichen oder ze gewannen, mee och hei hat den Taylor kee Worfgléck an Esch duerft jubelen.

Fir Esch koum de Quinten Nelson op 19 Punkten. Fir de Basket Esch ass et den zweete Coupe-Titel an der Veräinsgeschicht bei den Hären.

D'Coupe-Finall vun den Hären am Basket (Replay)
Kuckt hei de ganze Match nach eng Kéier am Replay

Dammen

De Resumé vun der Coupefinall bei den Dammen
De Gréngewald Hueschtert ka sech um Enn mat enger 79:73-Victoire den Titel sécheren

Am Lalux Ladies Cup setzt sech de Gréngewald Hueschtert mat 79:73 géint d'Sparta Bartreng duerch. Dobäi hat et an der éischter Hallschecht vum Match no enger Victoire fir Bartreng ausgesinn.

D'Sparta hat säi Rhythmus séier fonnt a konnt sech duerch 27 Punkten am éischte Véierel e Virsprong erausspillen. De Gréngewald-Trainer Francois Manti huet an der éischter Hallschecht net dat richteg Rezept fonnt fir de Géigner ze stoppen, an der Paus louch d'Sparta 46:32 a Féierung.

No der Paus huet de Gréngewald de Réckstand verkierzt an de Match gedréint. No engem 20:9 am drëtte Véierel ass Hueschtert just nach mat engem 3-Punkte-Réckstand (52:55) an de leschte Véierel gestart, um Enn bleift Hueschtert des Saison ongeschloen an dierf den Titel feieren.

D'Amanda Cahill (24 Punkten), d'Alexus Johnson (23) an d'Jovana Jaksic (17) hunn am beschte getraff beim Coupe-Gewënner.

Fir de Gréngewald ass et den zweete Coupe-Titel an der Veräinsgeschicht bei den Dammen.

D'Coupe-Finall vun den Dammen am Basket (Replay)
Kuckt hei de ganze Match nach eng Kéier am Replay

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen