De BC Jonglënster war dës Saison déi dominant Ekipp am Lëtzebuerger Badminton.

Am Badminton huet sech Jonglënster de Weekend d'Coupe de Luxembourg geséchert. An der Finall huet ee Schëffleng ouni Probleemer mat 5:2 geklappt. An der Halleffinall hat een Izeg mat 6:2 eliminéiert, Schëffleng hat sech mat 6:0 géint Keel 2 behaapt.

Am Championnat huet sech Jonglënster och schonn den Titel geséchert, dat bis ewell mat engem Parcours sans faute. De Weekend vum 11. Mee gëtt nach de leschte Spilldag vun der Saison 2024/2025 gespillt.

Da goufen um Sonndeg och d'Finalle vun der Coupe des Jeunes gespillt. Hei geet den Titel an de Kategorien U9 an U13 un Izeg. Déifferdeng konnt an de Kategorien U11 an U15 feieren.