New York Knicks eliminéieren de Champion Boston, OKC eliminéiert d'Nuggets

© AL BELLO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
An der NBA sinn nach fënnef Ekippen an der Course em de Championstitel, nodeems d'New York Knicks de Champion Boston erausgehäit hunn.
Am 6. Match vun der Serie setzt sech New York doheem am legendäre Madison Square Garden mat 119:81 géint de Champion vun der leschter Saison, d'Boston Celtics duerch a steet domat fir déi éischte Kéier zanter 25 Joer an der Finall am Osten. Bei de Gäscht hat sech de Starspiller Jayson Tatum am véierte Match vun der Serie d'Achillesseen gerass, hie fält laang aus.
An der Finall am Osten (Eastern Conference) spillen d'Knicks elo géint d'Indiana Pacers, déi iwwerraschend mat 4:1 géint d'Cleveland Cavaliers gewonnen hunn. D'Cavaliers waren no enger staarker regulärer Saison als Nummer 1 an d'Playoffs am Oste gestart.
OKC wënnt den decisive 7. Match
An der zweeter Halleffinall am Weste konnt sech Oklahoma City Thunder am decisive 7. Match mat 125:93 géint d'Denver Nuggets duerchsetzen. D'Ekipp ronderëm de Kanadier an MVP-Kandidat Shai Gilgeous-Alexander ass als stäerksten Ekipp an d'Playoffs gestart a geet als Favorit a d'Serie géint d'Timberwolves.