Alles ronderëm den ING Night Marathon
17.000 Participanten aus 117 Natioune si gemellt. Rekord. Fannt hei all d'Informatioune ronderëm de Laf-Spektakel vum Joer.
De Parcours
Um 19 Auer wäert déi 18. Editioun vum ING Night Marathon virun der LuxExpo/The Box gestart ginn. Den 42.195km laange Circuit féiert déi 17.000 Participanten duerch d'Stater Quartiere Kierchbierg, Lampertsbierg, Belair, Märel, Hollerech, Gare an Zentrum iwwer d'Rout Bréck op d'Arrivée bei der LuxExpo. Nieft der Marathon-Distanz ginn och de Semi-Marathon, den Team-Run an eng fënnef Kilometer-Course fir d’Debutanten ugebueden. Fir déi Jéngst gëtt et de Mini an de Mini-Mini-Marathon. Wéi an de Jore virdru wäerten och déi Kéier all déi concernéiert Quartiere vun der Stad wärend dem Marathon accessibel bleiwen. D'Police Lëtzebuerg an d'Servicer vun der Stad wäerte sech drëms këmmeren, dass Residenten a Spectateuren ouni gréisser Problemer wäerten zirkuléiere kënnen. 40 verschidde strategesch Plazen, fir d'Streck ze kräizen, si fir d'Automobiliste virgesinn. Soubal dee leschte Leefer erduerch ass, wäerten déi jeeweileg Stroossen erëm ganz opgemaach ginn. Autoe kënne gréisstendeels laanscht d'Streck geparkt bleiwen, dierfen awer da wärend der Course net beweegt ginn. All ëffentlech Parkinge vun der Stad Lëtzebuerg wäerten op sinn.
Ëffentlechen Transport
All d'Linne vum reguläre Busreseau vun der Stad Lëtzebuerg wäerte bis 18 Auer normal funktionéieren, mat Ausnam vun deenen, déi um Lampertsbierg an um Kierchbierg zirkuléieren, dës si just bis 16 Auer am regulären Asaz. Vun 18 Auer u wäerten tëscht der Stater Gare an dem Zentrum keng Busser méi fueren, dofir awer weider den Tram. Och dëse krit en ugepasste Fuerplang. Tëscht 18.40 Auer an 19.30 Auer wäert den Tram net tëscht der LuxExpo an dem Flughafen zirkuléieren. Tëscht 19.10 Auer an 21.20 Auer ass och keen Tram virgesinn tëscht de Statioune "Faïencerie" an "Theater". Dofir fiert en awer dono méi laang wéi gewéinlech. Um 02.30 Auer ass de leschten Depart bei der LuxExpo geplangt. Et versteet sech vum selwen, dass den 31. Mee déi beschte Méiglechkeet fir an d'Stad ze kommen, den ëffentlechen Transport duerstellt. All d'Informatioune stinn op marathon.vdl.lu an op luxtram.lu

© Pressphoto
Navetten
Fir d'Sportler an d'Spectateuren an d'Stad ze kréien, fueren zwou gratis Navetten. De P+R Bouillon an de P+R Luxembourg-Sud ginn do jeeweils mam Glacis verbonnen. Parken ass op deenen zwee P+R jeeweils 24 Stonne laang gratis. D'Statioune RP Schuman a Knuedler vum vel'OH! wäerte vu moies 9 Auer bis deen anere Moien 8 Auer net operationell sinn. Fir op all Froe ronderëm ëffentlechen Transport an Navetten eng Äntwert kënnen ze ginn, ass fir den Dag vum Marathon eng Hotline ageriicht ginn um 4796-3846. Weider nëtzlech Informatioune liwwert och mobiliteit.lu
Sécherheet
Mat ronn 17.000 gemellte Leeferinnen a Leefer ass eng nei Rekordzuel um Depart. Vum CGDIS sinn 185 Leit am Asaz, déi am Noutfall fir déi séier a richteg Mesurë suergen. Eleng 10 Ambulanzen an 12 mobil Ekippe sinn nieft anere wichtegen Dispositiffe virgesinn. Och d'Police an d'Servicer vun der Stad Lëtzebuerg wäerte mat sëllege Leit fir de gudden a sécheren Oflaf vum Marathon suergen. Parallel dozou invitéiert d'Stad Lëtzebuerg op déi 7. Editioun vum "Roll & Run", deen um 18 Auer um Glacis wäert ufänken an d'Sportler op enger Streck vu 7,2 km iwwer de Lampertsbierg wäert féieren.
Hei den offizielle Site vum ING Night Marathon.
Kuckt hei d'Fotoe vun der offizieller Pressekonferenz e Méinde Moien: