D'Patrizia van der Weken setzt sech fir d'WM e kloert Zil

© AFP
D'Lëtzebuerger Liichtathletin schafft op den Highlight vum Joer hin. Bei der WM a Japan wëllt si un hir gutt Leeschtunge bei Olympia uknäppen.
No de sensationelle Bronzemedailen iwwer 60 Meter op den Indoor-Europameeschterschaften an Holland an op den Indoor-Weltmeeschterschaften a China geet et elo fir déi lëtzebuergesch Sprinterin eraus op d'100 Meter.
No enger Paus an zwee Preparatiounsstagen hat d'Patrizia van der Weken leschte Weekend um Diamond League Meeting zu Doha hiren éischten Optrëtt a konnt mat engem Chrono vun 11"05 direkt iwwerzeegen. Hannert de Clayton-Schwësteren Tia an Tina an der Englännerin Amy Hunt klasséiert si sech als Fënneft an der 100-Meter-Finall, zäitgläich mat der véiertplacéierter Sprintlegend Shelly-Ann Fraser-Pryce aus Jamaika. D'Tia Clayton ass mat 10"92 déi bis elo séiersten Zäit vum Joer gelaf.
Deementspriechend zefridde weist sech d'Patrizia van der Weken am RTL-Interview:
"De Wiessel aus der Hal op d'Fräiloftsaison ass bis elo gutt verlaf. Ech spiere mech gutt, ech sinn a Form, mee et gëtt awer nach Detailer, un deene mir schaffe mussen. Mir leien d'100 Meter bësse besser wéi d'60 Meter, do sinn ech méi doheem. Déi zousätzlech 40 Meter spille mir normalerweis an d'Kaarten, dowéinst sinn ech zouversiichtlech, dass ech déi nächst Wochen a Méint nach méi séier sollt ginn."
Den éischten Optrëtt iwwer 100 Meter zu Doha war ee méi aussergewéinlechen:
"D'Konditioune waren net vergläichbar mat deenen hei an Europa. Am Dag waren et 40 Grad a méi, an owes wou mir gelaf sinn, waren et nach locker 36 Grad. Mee dat gehéiert dozou an d'Konditioune ware fir jiddereen déi selwecht. Do muss een dann ebe kucken, sou gutt wéi méiglech domat eens ze ginn. Ech sinn awer eng zolidd Course gelaf."

© VIRGINIE LEFOUR BELGA MAGBelga via AFP
Fir dës Woch huet d'Patrizia van der Weken eng Trainingscompetitioun a Polen geplangt, déi natierlech ënner ganz anere meteorologesche Viraussetzunge gelaf gëtt:
"Et wäert nawell kal sinn an de Wand wäert mir warscheinlech och net an d'Kaarte spillen, mee dat ass awer alles net schlëmm. Et geet drëms, puer Saachen ëmzesetzen, déi mir am Training ugeschwat hunn, a fir d'Suite ze preparéieren. Dono geet et fir mech direkt erëm an d'Tierkei fir knapp zwou Wochen Training, éiert d'Saison dann esou richteg wäert lassgoen."
Haaptzil vun dëser Saison sinn natierlech d'Liichtathletikweltmeeschterschaften am September:
"Mir hunn eng Rei Tëschenetappe bis dohinner, an do wëll ech gutt a Form sinn, fir e gutt Resultat ze maachen. Am léifsten Top 15 a besser, fir dass ech do weidermaache kann, wou ech d'lescht Joer bei den Olympesche Spiller opgehalen hunn."