Portugal dréint de Match géint Däitschland a steet an der Finall

© ALEXANDRA BEIER AFP
E Mëttwochowend gouf zu München déi éischt Halleffinall vun der UEFA Nations League gespillt.
Dës konnt wéinst dem stiermesche Wieder net wéi geplangt um 21 Auer, mä eréischt um 21.10 Auer ufänken.
Déi éischt Hallschent vun der Partie verleeft iwwerdeems zimmlech onspektakulär. Däitschland taucht an der véierter Minutt eng éischte Kéier virum portugisesche Gol op, ma dem Goretzka säi Schoss aus aacht Meter geet direkt an d'Äerm vum Diogo Costa.
Dräi Minutten drop kann dann de Cristiano Ronaldo vum Bord vum Strofraum ofschléissen. Ma de Schoss ass ze harmlos an den ter Stegen am däitsche Gol hält ouni gréisser Probleemer.
Portugal kënnt an der Suite nach e puer Mol iwwer Kontere virun den däitsche Gol, kann awer net geféierlech ofschléissen. Och Däitschland spillt sech e puer Chancen eraus, ma och hei hapert et un der leschter Konsequent, sou dass et um Enn mat 0:0 an d'Paus geet.
No der Halbzeit geet et dann direkt spektakulär un. Dem Cristiano Ronaldo geléngt an der 47. Minutt no engem schlechte Pass vum Tah am däitschen Opbau bal den 1:0, ma de portugisesche Routinier verpasst de Ball nom Mendes senger Flank ganz knapp.
Den 1:0 fält dann nëmmen eng Minutt drop. Dat allerdéngs fir Däitschland. De Florian Wirtz hëlt dem Trincao de Ball an der eegener Hallschent of, zitt da vu lénks an den Zentrum a passt de Ball virum Strofraum op de Kimmich. Dëse lobbt de Ball dann an de Strofraum op de Wirtz, deen duerchgelaf ass, an dëse kann aus ronn aacht Meter mam Kapp markéieren.
De Réckstand schéngt d'Spiller vu Portugal wakereg gemaach ze hunn. Dës stinn nom däitsche Gol däitlech méi héich um Terrain. An och den Trainer vun de Portugisen wëll fir frësche Wand suergen. Dat mat direkt dräi Wiesselen. De Vitinha kënnt fir de Ruben Neves, de Cabaral Semedo kënnt fir de Joao Neves an den Trincao mécht fir de Conceicao Plaz.
An der 63. Minutt weisen déi portugisesch Efforten dann Erfolleg. Deen agewiesselte Conceiçao geet op der rietser Säit laanscht de Robin Goossens, zitt duerno mam Ball a Richtung Mëtt a schéisst dësen aus 20 Meter an de lénken Eck vum däitsche Gol.
Ma et sollt nach méi schlëmm fir Däitschland kommen. Nëmme 5 Minutten drop ass de de Nuno Mendes no enger Une Deux mam Bruno Fernandes op der lénker Säit duerch a muss nëmmen nach op de Cristiano Ronaldo eriwwer leeën. Dëse kann dann aus 11 Meter an de Gol drécken an et steet 2:1.
De Conciecao kann an der 82. Minutt bal fir déi virleefeg Decisioun suergen. Ma säi Schoss aus 16 Meter geet knapps lénks laanscht de Gol.
Eng Minutt drop ass et den agewiesselten Adeyemi, dee bal fir den Ausgläich suergt. Säi Schoss geet awer aus 14 Meter op de Potto.
Um Enn ass et Däitschland net méi gelongen, op déi zwee Goler vun de Portugisen ze reagéieren. Um Enn wënnt Portugal also mat 2:1 a steet domat an der Finall vun der Nations League.