De Bernard Lacombe, ee vun de fréiere franséische Futtball-Europameeschter vun 1984, ass dout.

De fréiere Futtballer Bernard Lacombe, deen a 497 Ligue-1-Matcher 255 Goler geschoss huet, ass am Alter vun 72 Joer gestuerwen. Dat huet säin "éiwege Liblingsveräin" Olympique Lyon matgedeelt.

De Lacombe war als Spiller vun Olympique Lyon zum Nationalspiller ginn. Hien huet spéider och fir Lyon als Sportdirekter, Trainer a Beroder geschafft.

Säi gréisste Succès als Spiller am Veräin huet de Lacombe awer mat Girondins Bordeaux gefeiert. Dräimol ass hie mat Bordeaux franséische Champion ginn.

Bis haut huet nëmmen den Argentinier Delio Onnis (299 Goler) an der franséischer Ligue 1 méi dacks getraff wéi de Lacombe, deen och nach dräimol d'Coupe gewonnen huet an un de Weltmeeschterschaften 1978 an 1982 deelgeholl huet.

RTL

© AFP/Archives/ROMAIN LAFABREGUE (2019)