Zu Maribor a Slowenien war en Dënschdeg an e Mëttwoch d'Liichtathletik-Team-Europameeschterschaft vun der 3. Divisioun.

D'Lëtzebuerger Athleten hu sech dobäi gutt aus der Affär gezunn a kommen an der Ofschlosstabell op déi gutt 2. Plaz, dat knapp hanner Island. Dëst bedeit fir d'Lëtzebuerger Athleten den Opstig an d'Divisioun 2.

A 5 Disziplinnen (100 Meter Hecken Dammen, 5.000 Meter Dammen, 400 Meter Dammen, 4 x 400 Meter Mixed-Staffel, 3.000 Meter Steeple) huet Lëtzebuerg déi éischt Plaz realiséiert.

Donieft huet d'Melody Koffi säin nationale Rekord am Dräisprong verbessert, genee wéi och d'Victoria Rausch en neien nationale Rekord iwwer d'100 Meter Hecken opgestallt huet. Fir e weideren nationale Rekord huet 4 x 400 Meter Mixed-Staffel (Glenn Lassine, Fanny Arendt, David Friederich an Élise Romero) gesuergt.

De Gil Weicherding am FLA-Interview
Hien ass den Éischten iwwer d'3.000 Meter Steeple ginn.