Gutt Resultater fir d'Lëtzebuerger am Triathlon an Ungarn

© Unknown
Iwwert de Weekend hunn den David Lang an d'Eva Daniëls um World Triathlon Cup zu Tiszaujvaros an Ungarn deelgeholl.
Den David Lang war d’lescht Joer de 4. op der Juniorweltmeeschterschaft an huet a sengem éischte Joer bei der Elite eng remarkabel 11. Plaz ënnert 67 Participanten erreecht.
No enger laanger Rehabilitatioun bedéngt duerch e schwéiert Accident wärend dem Training, huet d’Eva Daniëls mat enger 15. Plaz sech erëm zréck an d’Elite gekämpft. D’Course gouf vun der däitscher Lisa Tertsch gewonnen, der olympescher Goldmedailegewënnerin an der Mixed Staffel zu Paräis.
Souwuel d’Eva Daniëls wéi och den David Lang hunn an Ungarn wichteg Punkten am World Ranking kritt.
De Sebastian Ziekman ass um Europe Triathlon Junior Cup an enger Kategorie méi héich un den Depart gaangen an trotzdeem konnt dat jonkt Nowuesstalent mat enger 8. Plaz ënner 84 Konkurrente glänzen.