E Sonndeg den Owend goufe bei der Futtball-EM vun den Dammen an der Schwäiz déi lescht Gruppematcher gespillt.

England huet Wales kloer mat 6:1 geklappt, iwwerdeems Frankräich géint Holland mat 5:2 d'Iwwerhand behalen huet. Frankräich qualifizéiert sech mam Maximum vun 9 Punkten als Gruppenéischten fir d'Véierelsfinallen. England ass och en Tour weider, fir Holland a Wales ass d'EM eriwwer.

An der Partie tëscht Frankräich an Holland hunn d'Spectateure vun der éischter Minutt un eng animéiert Partie gesinn. Nodeems et Méiglechkeeten op béide Säite gouf, huet d'Toletti fir den 1:0 fir Frankräich gesuergt. D'Hollännerinnen hunn awer net opginn an d'Partie virun der Paus gedréint. D'Pelova hat an der 35. Minutt mat engem Schoss an de Wénkel ausgeglach. 6 Minutte méi spéit konnt d'Bacha de Ball no enger Flank just an den eegene Gol deviéieren. Nom Säitewiessel huet Frankräich de Niveau gesteigert. Déi decisiv Phas vun der Partie gouf et tëscht der 61. an der 67. Minutt an där Frankräich net manner wéi 3 Goler schéisse konnt. An der 61. huet d'Katoto ausgeglach, éier d'Cascarino d'Partie mat 2 Goler komplett dréie konnt. Holland konnt duerno näischt méi dogéint setzen. De 5. a leschte Gol ass dem Karchaoui an der Nospillzäit per Eelefmeter gelongen. Frankräich huet sech deemno mat 5:2 géint Holland behaapt.

An der zweeter Partie huet England kloer mat 6:1 géint Wales gewonnen. D'Englännerinnen hu vun Ufank un den Toun uginn. No engem Eelefmeter konnt d'Stanway de Ball eng éischte Kéier am Filet ënnerbréngen. Wales war iwwerfuerdert a gouf vun England net an d'Spill komme gelooss. No Goler vun Toone an Hemp stoung et no 30 Minutte schonns 3:0. Virun der Paus huet d'Russo eng véierte Kéier markéiert. An der 2. Hallschent war net méi esou vill lass. An der 72. huet d'Mead de 5:0 markéiert. 4 Minutte méi spéit konnt d'Cain nach den Éieregol schéissen. Kuerz viru Schluss ass den Englännerinnen duerch d'Beever-Jones nach de 6:1 gelongen. Bei dem Resultat blouf et dann och.

Den Iwwerbléck vun de Véierelsfinallen

  • Mëttwoch, 16. Juli um 21 Auer: Norwegen - Italien
  • Donneschdeg, 17. Juli um 21 Auer: Schweden - England
  • Freideg, 18. Juli um 21 Auer: Spuenien - Schwäiz
  • Samschdeg, 19. Juli um 21 Auer: Frankräich - Däitschland

Den Iwwerbléck vun den Tabellen