De verstuerwenen Azaria gouf um 1. Training no Summerpaus vermësst
Hien hat déi lescht Woch e schrecklechen Accident an der Géigend vun der Leidelenger Gare, deen hien net iwwerlieft huet.
De Club mécht elo alles fir seng Spiller an dëser schwéierer Zäit net eleng ze loossen.
En Donneschdeg hat den FC Luxembourg City déi traureg Noriicht ëffentlech gemaach. Amplaz, datt d'Spiller sech voller Freed erëm gesinn hunn a vun hirer Vakanz geschwäermt hunn, waren et traureg Gesiichter, déi op den Terrain koumen.
Jonk Spiller, déi nach guer net richteg realiséiert hunn, datt ee vun hinnen net méi erëm kënnt. Déi, déi wëllen, kréien Hëllef, fir dat ze verschaffen, wat geschitt ass. Den FC Luxembourg City hat fir den éischten Training Verstäerkung bei Leit gefrot, déi reegelméisseg mat esou schwéiere Situatiounen ze dinn hunn.
De Paul Lopes, dee Member am Verwaltungsrot ass, sot: "Och wa mir professionell Trainer hunn, esou e Fall hu mer, Gott sei Dank, net dacks an dofir hu mer hei direkt reagéiert an iwwert den 112 beim CGDIS nogefrot, fir e Support psychologique ze kréien."
Déi Fräiwëlleg vum GSP si fir esou Missioune wéi déi hei forméiert an dofir huet de Club et och hinnen iwwerlooss, fir op déi Jonk duerzegoen: "Si sinn déi Professionell, si wësse ganz genau, wéi ee mat esou enger Situatioun soll ëmgoen. Ech hunn hinne virgeschloen, datt et um Terrain soll sinn, well et déi Plaz ass wou d'Spiller sech am Beschte fillen, mä si sinn déi Professionell a fanne schonn déi beschte Léisung."
E Sonndeg spillt den FC Luxembourg City zu Wolz, do wëllen d'Spiller mat enger Gedenkminutt un den Azaria erënneren, un dee Jong, dee jidderee gär hat an dee fir de Fussball gelieft huet: "Et war een deen ëmmer voller Freed op den Training komm ass, eng grouss Hoffnung och hat eng Kéier kënnen an den éischte Kader ze kommen. De Fussball war seng gréisste Passioun a seng gréisste Léift an de Veräin hei och."
Dofir wëll de Veräin och dofir suergen, datt den Azaria ni vergiess gëtt. Deen drëtte Match spillt den FC Luxembourg City doheem an denkt den Ament nach driwwer no, wéi een op deem Dag kann un den Azaria erënneren.
Och nieft dem Terrain soll et eng Plaz ginn, wou d'Membere vum Club ëm hire Frënd kënnen traueren. Dat brauch awer nach e bëssen Zäit.