Um Freideg den Owend war den Optakt vun der Saison 2025/26 an der Enovos League bei den Hären.

D'Amicale Steesel setzt sech an eegener Hal mat 92:79 géint den Opsteiger Kordall Steelers duerch. No enger ausgeglachener Ufangsphas stoung et Mëtt vum zweete Véierel 27:27 gläich, duerno huet d'Lokalekipp sech allerdéngs ënnerhalb vun e puer Minutten ofgesat an ass mat enger 49:35-Féierung an d'Paus gaangen.

Steesel huet d'Partie nom Säitewiessel geréiert, de Kordall war offensiv harmlos, hat keng Reussite (3/17 Dräier) an ze vill Ballverloschter. 23 Punkten goungen op de Kont vum Profispiller Malcolm Richardson, bei Steesel hunn insgesamt 10 Spiller Punkte markéiert.

E Samschdeg ass et d'Suite vum 1. Spilldag. Och déi d'Partië gi live an der RTL Live Arena iwwerdroen. D'Damme starten e Sonndeg an déi nei Saison. All d'Matcher vum 1. Spilldag ginn um INS gespillt a live op RTL gestreamt.