
An der däitscher Futtball Bundesliga war et um Samschdeg de Mëtten d’Suite vum 11. Spilldag. Um Freideg den Owend huet iwwerdeems Köln doheem mat 1:2 géint Hoffenheim verluer. Souwuel de Sportdirekter Armin Veh wéi och de Trainer Armin Beierlozer goufen doropshin entlooss.
Nieft der Bundesliga gouf och an den anere Championnater am europäeschen Ausland Futtball gespillt. Den Iwwerbléck fannt Dir hei.
Bayer München - Borussia Dortmund 4:0
1:0 Lewandowski (17'), 2:0 Gnabry (49'), 3:0 Lewandowski (76'), 4:0 Selbstgol Hummels (80')
Bayern München war vun Ufank u vill besser am Match wéi de BVB an huet sech déi eng oder aner gutt Chance erausgespillt. An der 17. Spillminutt huet et dunn eng éischte Kéier am Gol vum BVB gerabbelt. No enger Flank vum Pavard stoung de Lewandowski ganz fräi an huet dem Bürki am Dortmunder Gol keng Chance gelooss. An der 36. Minutt huet op Säite vum BVB de Sancho den Terrain misse verloossen. Fir hien ass de Guerreiro era komm. Vu Borussia Dortmund ass virun allem am Spill no vir vill ze wéineg komm, sou dass Bayern verdéngt no 45 Minutte mat 1:0 a Féierung louch.
Hate sech d’Gäscht fir déi 2. Halschent bestëmmt virgeholl, fir méi fir d’Spill ze maachen, goufe si an der 47. Minutt kal erwëscht. No engem Konter huet de Gnabry no Virlag vum Müller op 2:0 gesat. Dortmund war an alle Beräicher de Münchener ënnerleeën. De Lewandowksi an der 76. Minutt an den Hummels mat engem Selbstgol hu fir d’Schlussresultat gesuergt. Bayern München klappt de BVB mat 4:0.
No der klorer Victoire géint de BVB huet de Veräin e Samschdeg den Owend matgedeelt, datt den Hansi Flick bis op Weideres Trainer beim FC Bayern München bleift.
SC Paderborn 07 - FC Augsburg 0:1
0:1 Max (41')
Paderborn, bei deenen de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp Laurent Jans déi 1. Kéier am Championnat vu Ufank un um Terrain stoung, huet sech no 90 Minutte mat 0:1 géint Augsburg geschloe ginn. No 7. Minutten hat d’Lokalekipp per Eelefmeter d’Chance op 1:0 ze setzen. Ma de Golkipper vu Augsburg huet den Eelefmeter vum Gjasula gehalen. Kuerz virun der Paus ass et dunn zu engem Fräistouss fir den FCA komm. De Max huet de Ball aus ronn 25 Meter an de rietsen Eck placéiert. Domat louch Paderborn no 45 Minutte mat 0:1 am Réckstand.
Och an deenen zweete 45 Minutten huet sech d’Lokalekipp virun allem am Spillopbau immens schwéier gedoen. An der 64. Minutt huet de Finnboagson fir Augsburg den 2:0 markéiert, ma de Gol gouf no Ofsprooch mam Video-Schiidsriichter erëm zeréckgeholl. An der 79. Minutt war dem Laurent Jans säin Aarbechtsdag dunn eriwwer. Hie gouf vum Zolinski ersat. Paderborn huet an de Schlussminutten alles versicht, ma den Ausgläich sollt net méi falen.
Schalke - Düsseldorf 3:3
1:0 Caligiuri (33'), 1:1 Hennings (62'), 2:1 Kabak (67'), 2:2 Hennings (73'), Serdar (79'), 3:3 Hennings (85')
Souwuel Schalke wéi och Düsseldorf hate Schwieregkeeten an de Match ze kommen. Sou hu vill Feelpäss déi éischt Minutte gepräägt. Béid Ekippe stoungen donieft an der Defensive zimlech gutt, sou dass et virun deenen 2 Goler roueg bliwwen ass. Dëst sollt sech awer an der 33. Minutt änneren. No engem Konter konnt de Caligiuri no Virlag vum Raman op 1:0 fir d’Knappen markéieren. Mat dësem Resultat si béid Formatiounen an d’Paus gaangen.
An der 52. Minutt hat den Harit eng ganz gutt Chance op 2:0 fir Schalke ze erhéijen, ma de Marokkaner huet just d’Lat getraff. 10 Minutte méi spéit ass de McKennie am eegene Strofraum mat der Hand Richtung Ball gaangen - Eelefmeter fir Düsseldorf. Den Hennings huet den 1:1-Ausgläich markéiert. Schalke huet dësen Ausgläich awer net op sech sëtze gelooss, a sou war et de Kabak deen nëmmen 3 Minutte nom Ausgläich fir Düsseldorf Schalke no engem Corner nees a Féierung geschoss huet. An enger turbulenter Phas war et dunn alt erëm den Hennings, deen no engem Konter an der 73. Minutt den 2:2 geschoss huet. Dësen Ausgläich sollt awer net vu laanger Dauer sinn. An der 79. Minutt huet de Serdar de Score op 3:2 fir d’Lokalekipp eropgeschrauft. An enger geckeger zweeter Hallschent war et alt erëm de Hennings, deen an der 85. Minutt den 3:3-Ausgläich markéiere konnt. Schalke huet 3 Féierungen net konnten halen, a sou trenne sech béid Ekippe mat engem 3:3.
Hertha BSC -RB Leipzig 2:4
1:0 Mittelstädt (32'), 1:1 Werner (38'), 1:2 Sabitzer (45'+1), 1:3 Kampl (87'), 1:4 werner (90'+1), 2:4 Selke (90'+2)
Am Berliner Olympiastadion haten d’Gäscht vu Leipzig an der Ufanksphas vill méi Ballbesëtz, wierklech geféierlech virum Berliner Gol ass et awer net ginn. An der 32. Minutt huet et dunn am Gol vun RB gerabbelt. Aus 19 Meter huet de Mittelstädt dropgehalen an de Ball onhaltbar an de Filet gesat. Nëmme 6 Minutte méi spéit huet dunn de Video-Schiidsriichter no engem Handspill vum Berliner Rekik op Eelefmeter fir Leipzig entscheet. De Werner huet sech dës Chance net entgoen gelooss an den 1:1-Ausgläich markéiert. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet de Sabitzer no engem ofgefälschten Schoss fir d'2:1-Féierung an der Paus gesuergt.
An deenen zweete 45 Minutten ass zu Berlin net méi all ze vill geschitt. D’Lokalekipp war wuel beméit den Ausgläich ze markéieren, ma et war op dësem Samschdeg kee Kraut géint d’Leipziger Defense gewuess. An der Schlussphas ass et awer dunn nach emol hellewech gaangen. De Kampl an de Werner hunn op 3:1 respektiv 4:1 fir d’Gäscht de Score eropgeschrauft. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit huet de Selke nach den 2:4 aus Berliner Siicht geschoss, wat gläichzäiteg och d’Schlussresultat sollt sinn.
1. FSV Mainz 05 - 1. FC Union Berlin 2:3
0:1 Ingvartsen (30'), 0:2 Andersson (45'+3), 0:3 Andersson (52'), 1:3 Onisiwo (81'), 2:3 Brosinski (90'+4)
Mainz hat gutt Chancen, ma war virum Berliner Gol ze onpräzis. Dëst gouf an der 30. Minutt duerch den Ingvartsen mam 1:0 bestrooft. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet den Andersson no engem Corner fir den 2:0 per Kappball markéiert.
Union Berlin ass mat 100 à l’heure aus der Paus komm an huet an der 52. Minutt op 3:0 erhéicht. Alt erëm war et de Käpitän Andersson, deen no engem Corner de Ball an de Filet gesat huet. Mainz huet sech awer net erginn, an hat duerch den agewiesselten Onisiwo an de Maxim gutt Chancen. An der 81. Minutt huet sech Mainz duerch e Gol vum Oniwiso fir eng staark zweet Halschent belount. Kuerz viru Schluss war et dunn nach den Brosinski deen op 2:3 verkierzen konnt. Zu méi sollt et awer net méi duergoen, sou dass Mainz mat 2:3 géint Union Berlin de Kierzeren zitt.
De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro souz 90 Minutten op der Mainzer Bänk.