BundesligaBayern iwwerrennt Stuttgart an Ënnerzuel, Frankfurt distanzéiert de BVB

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Schalke géint Gladbach verluer a kann en Ofstig kaum nach verhënneren. Wolfsburg ka sech zu Bremen duerchsetzen.

Mat 15 Goler an der 1. Hallschent ass et an der Bundesliga drënner an driwwer gaangen. Um Enn stoung eng souverän Victoire fir Bayern géint Stuttgart, bei där de Lewandowski mat dräi Goler eng weider Kéier brilléiert huet. Donieft huet den Haaland Dortmund ee Punkt géint Köln geséchert.

Weider Resultater aus dem internationale Futtball am Iwwerbléck fannt Dir hei.Mam Olivier Thill war e Samschdeg och e Lëtzebuerger am Ausland am Asaz.

26. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Schalke - Gladbach 0:3
0:1 Stindl (15'), 0:2 Lainer (63'), 0:3 Rönnow (72')

E Samschdeg den Owend ass et zu Gelsenkirchen zum Krisenduell tëscht Schalke a Gladbach komm. 15 Minutten huet et gedauert, bis de Ball am Schalker Gol louch. De Stindl stoung am Strofraum op der richteger Plaz a konnt sou d’Gäscht a Féierung bréngen. Gladbach hat weider méi vum Match, bis d’Paus ass de Fohlen awer kee weidere Gol méi gelongen.

An der zweeter Hallschent ass vu Schalke weider ze wéineg komm a sou sinn d’Goler weider fir Gladbach gefall. Als éischt konnt de Lainer op 2:0 stellen, ronn 10 Minutte méi spéit war et dann nach de Schalker Golkipp, deen de Ball onglécklech an den eegene Gol geluecht huet. Um Enn steet eng kloer 0:3-Defaite a sou ass den Ofstig vu Schalke an d'2. Bundesliga quasi net méi ze verhënneren.

Bayern - Stuttgart 4:0
1:0 Lewandowski (18'), 2:0 Gnabry (22'), 3:0 Lewandowski (23'), 4:0 Lewandowski (39')

No der Leipziger Victoire e Freideg waren d’Bayern um Samschdegmëtteg ënner Drock. De Match huet allerdéngs mat enger schlechter Nouvelle ugefaangen. No 12 Minutten ass den Davies no engem Feeler mat Rout vum Terrain geflunn, sou dass d’Lokalekipp scho fréi an Ënnerzuel geroden ass. Dat huet d’Bayern awer net weider gestéiert, éischter de Géigendeel ass agetraff. Bannent 5 Minutte stoung et no zwee Goler vum Lewandowski an engem Gol vum Gnabry 3:0. Stuttgart konnt just staunen a sou war de Match schonn no 23 Minutte sou gutt wéi gelaf. D’Haushären haten awer nach net genuch a sou huet de Lewandowski nach virun der Paus mam Gol zum 4:0 den Hattrick perfekt gemaach.

Am zweeten Duerchgang hunn d’Bayern dann e gutt Stéck méi lues gemaach. Trotzdeem hate si alles ënner Kontroll a sou ass et Stuttgart net gelongen, de Match u sech ze rappen. Um Enn steet eng souverän 4:0-Victoire mat dräi Goler vum Lewandowski, deen dem Gol-Rekord vum Gerd Müller ëmmer méi no kënnt.

Köln - Dortmund 2:2
0:1 Haaland (3'), 1:1 Duda (35'), 2:1 Jakobs (65'), 2:2 Haaland (90')

De Favorit aus Dortmund huet e gudde Start an de Match erwëscht. Schonn dräi Minutten nom Ustouss war et den Haaland, deen d’Gäscht fréi a Féierung bruecht huet. Köln krut sech awer gefaangen a konnt sou fir eng Zäit gutt dogéint halen. 10 Minutte virun der Paus ass et dann en Eelefmeter fir d’Lokalekipp ginn, nodeems de Bellingham am Strofraum de Ball widder den Aarm krut huet. Den Duda ass ugetrueden a konnt sou op 1:1 ausgläichen.

Nom Säitewiessel war Köln weider gutt am Match, Dortmund huet sech immens schwéier gedoen, fir sech Chancen erauszespillen. An der 65. Minutt huet sech den Drock vun de Kölner dann och bezuelt gemaach, wéi de Jakobs no enger Virlag vum Drexler den 2:1 fir d’Lokalekipp markéiere konnt. D’Schlussphas huet elo allerdéngs de Gäscht gehéiert a sou huet Dortmund op den Ausgläich gedréckt. An der 90. Minutt war et dann den Haaland, deen an der Mëtt op der richteger Plaz stoung an op 2:2 stelle konnt. Um Enn bleift et dobäi a sou deele sech béid Ekippen d’Punkten. Fir Köln e wichtege Punkt an der Lutte géint den Ofstig, ma fir Dortmund ass et e Réckschlag an der Course ëm d’Champions-League-Qualifikatioun.

Bremen - Wolfsburg 1:2
0:1 Sargent (8'), Weghorst (42'), 1:2 Möhwald (45')

Frankfurt - Union 5:2
1:0 Silva (2'), 1:1 Kruse (7'), 2:1 Andrich (35'), 3:1 Kostic (39'), 4:1 Silva (41'), 4:2 Kruse (45+3'), 5:2 Zuber (90+2')

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO