Internationale FuttballBenzema séchert Real d'Victoire, Nice klappt Marseille

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet den FC Metz géint Rennes de Kierzere gezunn a Bologna setzt sech mat 3:2 zu Crotone.

An der Bundesliga war e Samschdeg d’Suite vum 26. Spilldag.Mam Olivier Thill war e Samschdeg och e Lëtzebuerger am Ausland am Asaz.

Ligue 1

Metz - Rennes 1:3
0:1 Doku (18'), 0:2 Terrier (38'), 0:3 Guirassy (88'), 1:3 Yade (90')

Fir den FC Metz ass et e Samschdeg näischt ze huele ginn. De Gaascht vu Rennes konnt no ronn 20 Minutten duerch e Gol vum Doku a Féierung goen. Kuerz virun der Paus ass dës Féierung duerch en Eelefmeter vum Terrier nach op 2:0 erhéicht ginn. An der 88. Minutt war et dann de Guirassy, dee mam Gol zum 3:0 den Deckel dropmaache konnt. Zwar ass et dem Yade nach an der 90. Minutt gelongen op 1:3 ze verkierzen, dat huet um Ausgang vum Match awer näischt méi geännert a sou hëlt Rennes déi dräi Punkte mat Heem.

De komplette Resumé bei de Kolleege vum 5minutes.

Nice - Marseille 3:0
1:0 Thuram (34'), 2:0 Gouiri (74'), 3:0 Claude-Maurice (90+1')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Bilbao - Eibar 1:1
1:0 Yuri Berchiche (9'), 1:1 Kike Garcia (17')

Celta Vigo - Real Madrid 1:3
0:1 Benzema (20'), 0:2 Benzema (30'), 1:2 Santi Mina (40'), Asensio (90+4')

An den éischte Minutten huet Real Madrid de Match bestëmmt an no vir op d’Féierung gedréckt. Kuerz nodeems Celta Vigo besser an de Match fonnt huet, ass dann den éischte Gol fir d’Gäscht gefall. De Benzema krut de Ball vum Kroos zougespillt an huet ouni ze zécken op 1:0 gestallt. 10 Minutten drop huet de Fransous dann eng weider Kéier zougeschloen an op 2:0 erhéicht. Trotz den zwee Géigegoler huet d’Lokalekipp probéiert, eng Äntwert um Terrain ze weisen, a sou konnt Celta Vigo nach virun der Paus op 1:2 verkierzen.

Am zweeten Duerchgang hu sech béid Ekippe schwéier gedoen an et war eng ausgeglache Partie an där et zu bal kenge Golchancë komm ass. Mat der leschter Aktioun vum Match konnt dann nach den Asensio op 3:1 erhéijen a sou wënnt Real Madrid mat 3:1 géint Celta Vigo.

Valladolid - FC Sevilla 1:1
1:0 Orellana (44'), 1:1 Bono (90+4')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Premier League

Brighton - Newcastle 3:0
1:0 Trossard (45+3'), 2:0 Welbeck (51'), 3:0 Maupay (68')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Crotone - Bologna 2:3
1:0 Messias (32'), 2:0 Simy (40'), 2:1 Soumaoro (62'), 2:2 Schouten (70'), 2:3 Skov Olsen (84')

La Spezia - Cagliari 2:1
1:0 Piccoli (49'), 2:0 Maggiore (80'), 2:1 Pereiro (83')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO