BundesligaBayern München a Borussia Mönchengladbach deelen d’Punkten

RTL Lëtzebuerg
Donieft klappt Dortmund Hertha Berlin a Leverkusen feiert déi éischt Victoire vun der Saison.
© AFP

An den anere Ligen huet ënner anerem Liverpool däitlech gewonnen, wärend Juventus Turin an d’AS Roum gläichgespillt hunn.

An engem intensiven Owesmatch hu Bayern München a Borussia Mönchengladbach sech mat 1:1 getrennt. An den éischte 45 Minutten huet Bayern de Match dominéiert, ma d’Visiteuren hunn den éischte Feeler vum Rekordchampion ausgenotzt a si kuerz virun der Paus duerch den Thuram a Féierung gaangen. Och am zweeten Duerchgang waren d’Münchener däitlech iwwerleeën an et louch virun allem un engem exzellente Sommer am Gladbacher Gol, dass Bayern trotz sëllege Chancë laang net zu engem Gol komm ass. An der 83. Minutt war et dann awer de Sané, deen den héichverdéngten Ausgläich markéiere konnt. D’Lokalekipp huet weider op d’Victoire gedréckt, mee d’Fohlen hu bis zum Enn dogéint gehalen an huelen trotz 19 Schëss op den eegene Gol ee Punkt aus der Allianz Arena mat, wärend Bayern München Tabelleleader bleift.

Um 4. Spilldag setzt Dortmund sech verdéngt mat 1:0 bei Hertha Berlin duerch. Déi Schwaarz-Giel hunn de Match vun Ufank un dominéiert a sinn no 32 Minutten duerch den Anthony Modeste a Féierung gaangen. Fir de Fransous ass et am drëtte Match säin éischte Gol fir de BVB. Och duerno war Dortmund de ganze Match iwwer déi besser a méi geféierlech Ekipp, huet awer eng sëllege Chancen net genotzt. Um Enn gëtt de BVB net bestrooft an huet elo 9 Punkten aus 4 Matcher, wärend d’Hertha weider op déi éischt Victoire waart.

Leverkusen geléngt no deem katastrophale Start an d’Saison zu Mainz ee Befreiungsschlag. Um Enn heescht et aus Siicht vun de Mainzer an dem Lëtzebuerger Leandro Barreiro 0:3 fir eng effizient Leverkusener Ekipp. No enger knapper hallwer Stonn konnt de Palacios d’Féierung markéieren, de Frimpong huet nach virun der Paus bannent 3 Minutten op 0:3 erhéicht. Mainz huet sech doropshin zwar nees gefaangen, ma et ass net méi duergaangen, fir nach eppes um Resultat ze änneren. Fir Leverkusen sinn et déi éischt Punkten aus dem 4. Match.

Leipzig feiert iwwerdeems géint Wolfsburg déi éischt Victoire vun der Saison. Schonn no 5 Minutten huet den Nkunku duerch e verwandelten Eelefmeter op 1:0 gesat a Wolfsburg fréi geschockt. Duerno war et ee relativ ausgeglachene Match, an deem virun allem Leipzig gutt Chancen op ee weidere Gol leie gelooss huet, ma an der 90. Minutt konnt den Nkunku fir d’Entscheedung suergen. Um Enn kënnen d’Bulle mat 2:0 den éischte Succès vun der Saison feieren, wärend Wolfsburg weiderhi bei 2 Punkte bleift.

Donieft verléiert Schalke däitlech 1:6 géint Union Berlin, wärend Hoffenheim sech 1:0 géint Augsburg duerchsetzt.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO