
An der nordamerikanescher Major League Soccer gouf et fir den New York City FC eng Néierlag. An der Nuecht op en Donneschdeg eiser Zäit huet d’Ekipp vum Nationalspiller Maxime Chanot mat 0:2 bei Chicago Fire verluer. De Chanot huet de Match duerchgespillt. New York steet op der véierter Plaz an der Eastern Conference.
Um Mëttwoch den Owend huet sech an der Champions League Bern misse mat 0:1 zu Bergamo géint Atalanta geschloe ginn. An enger éischter eesäiteger Partie war Bergamo déi spillbestëmmend Ekipp a konnt sech an der 68. Minutt duerch e Gol vum Pessina belounen. D’Young Boys, bei deenen de Lëtzebuerger Christopher Martins 90 Minutte gespillt huet, hat kuerz viru Schluss nach d’Chance op den Ausgläich, ma konnt dës net notzen. Bern steet no der Victoire um 1. Spilldag géint Manu an der Néierlag géint Bergamo deemno weider bei 3 Punkten.
Op Zypern huet d’Ekipp vum Tim Hall Achnas Ethnikos an der Coupe 4:0 géint Liopetriou gewonnen a steet elo an der 1/8-Finall.
An der Champions League huet de Sébastien Thill en Dënschdeg den Owend fir een historesche Moment gesuergt. De Lëtzebuerger huet am Match géint Real Madrid den decisiven 2:1 fir Sheriff Tiraspol geschoss. De Sébastien Thill ass domadder deen éischte Lëtzebuerger Nationalspiller, deen ee Gol an der Kinneksklass geschoss huet. Sheriff huet domadder och am zweete Match an der Champions League eng Victoire gefeiert.
Donieft war en Dënschdeg den Owend nach Huddersfield Town mam Danel Sinani am Asaz. Um Enn gouf et eng 3:2-Victoire géint d’Blackburn Rovers. De Lëtzebuerger gouf an der 88. Minutt ausgewiesselt.